search

/ EU-Taliban-Meeting: War Lëtzebuerg mat dobäi?

Migratioun

|
reading time

5 min

EU-Taliban-Meeting: War Lëtzebuerg mat dobäi?

D'Fro, ob Lëtzebuerg ënner de 15 EU-Länner war, déi zu Bréissel mat enger Taliban-Delegatioun un engem Dësch souzen, bleift op. D'Regierung verweist op d'Confidentialitéit. Lëtzebuerger EU-Deputéiert kritiséieren de Meeting an de Plang, Leit zeréck an Afghanistan ze schécken.

reading time

5 min

© European Union
(Foto: European Union)

Op Lëtzebuerger National-Feierdag koum et zu Bréissel zu enger Reunioun, déi fir vill Diskussioune suergt. Dee leschten Dënschdeg hate sech Vertrieder aus der EU mat enger Delegatioun vun den Taliban aus Afghanistan an der belscher Haaptstad gesinn, fir iwwer d’Retoure vun afghanesche Migranten, déi keng Openthaltsgeneemegung an der EU hunn, ze schwätzen.

Wou dee Meeting statt fonnt huet, ass net bekannt. Och net, wouriwwer genee geschwat gouf. Verschidde Medien no solle vun europäescher Säit nieft der Europäescher Kommissioun och 15 EU-Memberlänner op där Reunioun mat derbäi gewiescht sinn. Ob Lëtzebuerg do present war oder net, gëtt d’Ëffentlechkeet net gewuer. D’Regierung op alle Fall ass net prett, dat bekannt ze maachen.

Innenministère: “Treffen, wéi och d’Participatioun an de Contenu, si confidentiel”

Déi Reunioun wier genee ewéi “d’Participatioun an de Contenu confidentiel - dowéinst kënne mir näischt Weideres dozou soen”, esou d’Äntwert vum Innenministère op eis Nofro.

Ganz verwonnerlech wier et net, wa Lëtzebuerg effektiv ënner deene 15 EU-Länner war, déi sech mat der Taliban-Delatioun ronderëm en Dësch gesat hunn. Ëmmerhin hat de Grand Duché am Oktober zejoert zesumme mat 19 aner Länner d’Europäesch Kommissioun opgefuerdert, “Méiglechkeete fir fräiwëlleg a forcéiert Retouren an Afghanistan” ze ënnersichen.

Lëtzebuerg ass dofir de Kader fir Retouren ze klären

De Bréif, deen eis virläit, gouf vum Innenminister Léon Gloden ënnerschriwwen. Zu de neisten Entwécklungen heescht et elo op eis Nofro: Den Innenministère géing déi europäesch Beméiungen akzeptéieren, fir “de Kader ze klären, wann een Zukunft misst Retouren duerchféieren, vu schwéiere Stroftäter oder Leit, déi eng Bedrohung fir d’ëffentlech Sécherheet duerstellen”.

Datt d’Regierung net soe wëllt, ob si beim Meeting mat den Taliban derbäi war, wier net ze verstoen, kommentéiert den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel d’Lëtzebuerger Positioun.

"Ech fannen, et huet ee jo näischt ze verstoppen. Entweeder et steet een zu deem, wat ee mécht oder et steet een net dozou."

Charel Goerens: Rouden Teppech fir d’Taliban ass inakzeptabel

D’Reaktioun op dee Meeting fält iwwerdeems am Parlament ganz ënnerschiddlech aus.

Um rietskonservative Bord ass se éischter positiv. Den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser begréisst d’Reunioun an och de Plang, Afghanesch Migranten an hiert Heemechtsland zeréckzeschécken. Anerer spueren net mat Kritik.

Ee Gespréich-Kanal opzemaache wier normal, awer net esou, seet zum Beispill de Charles Goerens vun der DP.

"Datt se zu Bréissel hoféiert ginn, fannen ech inakzeptabel. Et leed en net de rouden Teppech fir si aus. Mat deene wëll ech näischt ze dinn hunn. Jiddefalls net an där doter Form."

Marc Angel: “Een totalen No Go”

De Marc Angel vun der LSAP schwätzt vun engem Skandal, engem “totalen No Go”.

"Mir wëllen als EU déi sinn, déi hei eis Valeure respektéieren, Rechtsstaatlechkeet, Egalitéit etc. An dann empfänke mer Leit, déi an engem Land d'Soen hunn, wou d'Hallschent der Bevëlkerung onsichtbar gemaach gëtt. Fraen a Meedercher däerfe guer net um ëffentleche Liewen deelhuelen."

Schockéiert ass och dat Wuert, wat d’Tilly Metz vun deene Grénge gebraucht.

"Dat muss een sech emol virstellen, wat hei geschitt ass. Dat däerf op kee Fall nach eng Kéier passéieren."

Tilly Metz: “Den Taliban-Regimm gëtt doduerch legitiméiert”

47 Deputéiert vu Gréngen, Sozialisten an deene Lénken haten ee Bréif un déi belsch Autoritéite geschriwwen, den Taliban keng Visaen ze accordéieren. Duerch esou eng Reunioun géif een nämlech och den Taliban-Regimm legitiméieren, fënnt d’Tilly Metz.

Déi gréng EU-Deputéiert fäert ee Präzedenzfall an erënnert un de Prinzip vum Non-Refoulement, deen nach ëmmer a Kraaft ass.

"Dat heescht, datt een d'Leit net kann zeréckschécken an e Land, wou se herno verfollegt oder torturéiert ginn. Hei maache mer awer, wéi wann et dat net géif ginn."

De Plang, afghanesch Migranten an ee Land wéi Afghanistan zeréckzeféieren, gëtt vu Ville kritesch ugesinn. Och wann et sech ëm Persounen handelt, déi an der EU stroffälleg gi sinn.

Wie géint Gesetzer verstéisst sollt hei an de Prisong kommen an och eng Chance kréien, sech ze rehabilitéieren, gëtt de Marc Angel ze bedenken. De Charles Goerens erënnert un d’Europäesch Konventioun fir d’Mënscherechter.

Bis elo keng Retoure vu Lëtzebuerg geplangt

Wann ee sech doru géing halen, géifen net méi vill Leit a Fro kommen, déi kéinten an Afghanistan zeréckgeschéckt ginn, esou den DP-Politiker.

Lëtzebuerg, esou heescht et och op eis Nofro aus dem Innenministère, hätt aktuell keng Pläng fir Retouren an Afghanistan duerchzeféieren. Et hätt een och keng Konsulat-Kontakter ginn, zënter datt d’Taliban un der Muecht sinn.

De Meeting zu Bréissel wier eng Geleeënheet fir d’Memberlänner Kontakter “um techneschen Niveau” mat Afghanistan opzebauen, hat déi lescht Woch ee Spriecher vun der Europäescher Kommissioun erkläert. Schliisslech wieren et um Enn d’Länner selwer an net d’Kommissioun, déi d’Retouren duerchféiere mussen. Den Terrain dofir ass preparéiert.

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Lauschtert hei de Bäitrag vum Danièle Weber: