arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Sommet: Klimaschutz ass ee vun de Sträitsujeten

Bréissel

|
headphones

3 min

EU-Sommet: Klimaschutz ass ee vun de Sträitsujeten

Um EU-Sommet sti brisant Sujeten um Ordre du jour. D’EU-Staats- a Regierungscheffen diskutéieren ënner anerem iwwer den Asaz vum agefruerene russesche Staatsverméigen. An et geet dorëm ob d’EU sech weider kann ambitiéis Klimaziler ginn, ouni datt déi europäesch Industrie dorënner leide muss.

headphones

3 min

Zu Bréissel sëtzen haut um Donneschdeg d’Staats - a Regierungscheffe fir hiren traditionellen Hierscht-Sommet beieneen. Fir Lëtzebuerg ass de Premier Luc Frieden op där Reunioun mat derbäi.

Wolodymir Selenskij perséinlech present

Op dem EU-Sommet gëtt och den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an der belscher Haaptstad erwaart. Um Programm steet ënner anerem eng Diskussioun iwwer d’Suite vun der europäescher Ënnerstëtzung fir d’Ukrain. Ëmstridden ass nach ëmmer d’Propos, fir der Ukrain dat agefruerent russescht Staatsverméigen vu ronn 200 Milliarden Euro zur Verfügung ze stellen.

Dat allermeescht dovu läit an der Belsch an d’Land hat Garantie gefrot, dofir, datt jidderee, also och déi aner 26 EU-Länner, misste fir esou eng Mesure riicht stoen.

Russescht Staatsverméigen: EU-Kommissioun soll legal Propos maachen

Fir Lëtzebuerg bleiwen do och nach Froen op, dat hat den Ausseminister Xavier Bettel e Méindeg um Bord vun enger Reunioun um Kierchbierg gesot. D’Kommissioun soll elo vun de Leaderen den Optrag kréien, eng legal Propos dofir op den Dësch ze leeën. Eréischt duerno kéinten déi richteg Diskussiounen ufänken, esou um Mëttwoch een EU-Diplomat.

Lëtzebuerg fir ambitiéist Klimazil

Kontrovers dierft och d’Diskussioun iwwer déi europäesch Klimaziler verlafen. D’Europäesch Unioun huet hei kuerz virun der Klimakonferenz a Brasilien nach e puer Froen ze klären.

Et geet ënner anerem drëm, datt sech d’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner net eens goufen, iwwer een Zil fir d’Reduktioune vun den Emissioune bis 2040. Elo sollen d’Cheffen dat reegelen.

"Dofir läit do natierlech och eng grouss Verantwortung op de Staats - a Regierungscheffen", esou en Dënschdeg den Ëmweltminister Serge Wilmes um Bord vum Conseil vun den EU-Ëmweltministeren. De Lëtzebuerger Premier géing am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung mat engem klore Mandat op dee Sommet. 

Dat Mandat gesäit vir, fir een ambitiéist Klimazil anzetrieden.

EU-Kommissioun weist Pisten op – déi éischte Succès hunn

Eng Partie Länner froe Garantien dofir, negativ Konsequenze fir d’Ekonomie opzefänken.

Déi Demande hat scho Succès: Am Brouillon vun de Konklusiounen vun dësem Sommet ass ëmmerhi schrëftlech festgehalen, datt ee Klimazil muss realistesch sinn. Dernieft gëtt d’Europäesch Kommissioun opgefuerdert, d’Viraussetzungen auszeschaffen, fir d’Europäesch Industrie an d’Bierger an d'Biergerinnen ze ënnerstëtzen. 

D’Kommissiounscheffin hat verschidde Pisten an engem Bréif opgezielt - och dat koum gutt un - sou gutt, datt d’Slowakei duerchblécke gelooss huet, säi Veto fir deen nächste Sanktiounspak géint Russland no Woche falen ze loossen.

Aschätzungen vun eiser EU-Korrespondentin, Danièle Weber, kënnt Dir hei lauschteren.