arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Parlament debattéiert iwwer e Mësstrauensvott géint d'Ursula vun der Leyen

Europäesch Unioun

|
reading time

1 min

EU-Parlament debattéiert iwwer e Mësstrauensvott géint d'Ursula vun der Leyen

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen muss sech am Europaparlament den Owend der Debatt iwwer de Mësstrauensvott géint si stellen. Eng Spriecherin huet confirméiert, datt d'Kommissiounspresidentin den Owend am EU-Parlament wäert sinn.

reading time

1 min

Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen | © Beata Zawrzel
Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen (Foto: Beata Zawrzel)

De Mësstrauensvott, dee viraussiichtlech fir en Donneschdeg geplangt ass, war vun engem rietse rumäneschen Deputéierten initiéiert ginn. Ausléiser waren ënner anerem Virwërf géint d'Ursula von der Leyen wärend der Corona-Pandemie: Bis haut refuséiert d'Kommissioun fir Informatiounen zu ausgetauschten SMS-Messagen tëschent der Kommissiounspresidentin an dem Chef vum Impfstoff-Produzent Pfizer ze verëffentlechen.