arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Länner zécke géint Hatespeech europäesch virzegoen

EU-CRIME

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

EU-Länner zécke géint Hatespeech europäesch virzegoen

Iwwerall an Europa huelen Haassrieden oder Strofdoten aus Haass zou. D'Propos vun der EU-Kommissioun fir op europäeschem Niveau géint déi Infraktioune virzegoe läit awer op Äis.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Europäesch Kommissioun | © Wiktor Dabkowski
Europäesch Kommissioun (Foto: Wiktor Dabkowski)

Verbriechen aus Haass oder Haassrieden op d'Lëscht vun den europäesche Verbriechen ze setzen, dat war am Fong eng Prioritéit vun der aktueller EU-Kommissioun. 

Ëm wat geet et? 

De Patrick Charlier, Co-Direkter vum Institut fédéral des droits humains an der Belsch definéiert dës Kategorie vu Verbriechen esou: 

"Le crime de haine, c'est une infraction pénale: coups et blessures, harcèlement, meurtre - qui est motivée par la haine vis-à-vis d'une personne par rapport à sa couleur de peau, son orientation sexuelle, son handicap. Le discours de haine, ce sont des mots qui, en tant que tels, relèvent de la liberté d'expression, mais qui deviennent des actes parce que je vais pousser quelqu'un, à travers mes mots et mes propos, à commettre un acte de haine, de discrimination, de violence en raison d'un critère protégé.“

27 EU-Länner hunn ënnerschiddlech Gesetzer

Allerdéngs hunn net all déi 27 EU-Memberlänner déi nämmlecht Definitioun an hire Gesetzesbicher stoen. Och d'Sanktioune variéiere staark vun engem Land zum aneren, erkläert d'Célia Drevon vun der Berodungsfirma Spark Legal and Policy Consulting.

Bei Haassrieden hu verschidde Länner spezifesch Mesuren a Sanktioune virgesinn, anerer net. Fir verschiddener ass e Verbriechen duerch Haass just eng "Circonstance aggravante" a ka fir sech eleng net bestrooft ginn

Krittäre fir EU-Lëscht vu Verbrieche wieren erfëllt 

Eebe just fir dat Ganzt ze harmoniséieren hat d'Europäesch Kommissioun 2021 proposéiert, déi Verbriechen op déi europäesch Lëscht ze setzen. D'Krittären dofir erfëllen se, preziséiert d'Célia Drevon. 

D'Verbrieche muss als e bestëmmte Kriminalitéitsdomaine consideréiert ginn, si mussen eng bestëmmt Gravitéit opweisen, eng grenziwwergräifend Dimensioun hunn an et muss kloer sinn, datt fir dat spezifescht Verbriechen d'EU besser placéiert ass, fir dogéint virzegoen. 

Obschonn all déi Krittären erfëllt sinn, huet sech zënter 2021 näischt beweegt. Dat läit drun, datt d'Memberlänner Jo soe mussen - an zwar net just d'Majoritéit, mee eestëmmeg. 

Verschidde Memberlänner blockéieren

De Sujet ass delikat. Besonnesch wann et ëm d’Kriminalisatioun vun Haassried geet, wëllt ee sech net gär vu Bréissel aus draschwätze loossen. Virop Ungarn ass géint d'Propos vun der Kommissioun. Den Dossier ass blockéiert, déi 27 Länner hunn en dowéinst leie gelooss. 

Net frou doriwwer ass een am Europaparlament. Wéinst der Verbreedung iwwer d'Grenzen ewech vun Hatespeech iwwer grouss Plattforme wier eng europäesch Approche dréngend noutwenneg, ass déi däitsch EU-Deputéiert Birgit Sippel iwwerzeegt. 

"Ich finde es schon ärgerlich, wenn der Eindruck entsteht, dass die Mehrheit der Mitgliedstaaten noch nicht einmal den Versuch macht, das Thema auf die Tagesordnung zu setzen, auf déi Mitgliedstaaten einzuwirken, die sich weigern und auch gar nicht entsprechend Druck ausüben, sondern das dann eben fallen lassen."

Justizministère loossen den Dossier leien

De leschte Summer hat d'Parlament gefuerdert, datt d'Reegel vun der Unanimitéit hei sollt falegelooss ginn. Ouni Succès. D'Birgit Sippel wëllt awer net opginn. 

"Steter Tropfen höhlt den Stein. Was ich aber tatsächlich glaube, ist, dass wir parallel auch andere Schritte nutzen müssen.

Zum Beispill ze probéieren, grouss Onlineplattforme méi staark ze responsabiliséieren. Hei setzt d'SPD-Politikerin op déi nei Reegelen, déi den Ament progressiv ëmgesat ginn. Zënter e puer Méint gëllt, datt se sech bannent 24 Stonne mussen op d'mannst ëm d'Hallschent vun de signaléierte problematesche Contenue bekëmmeren.

play_arrow Lauschteren