2025 soll et dann nees eng méi staark Erhéijung vun 2,3 Prozent ginn. An der Eurozon gëtt iwwerdeems mat enger Croissance vun 0,8 Prozent gerechent.
Wat d‘Croissance an der Eurozon ugeet bleift Bréissel dobäi, datt déi, trotz de villen Ongewëssheeten, wäert ëm 0,8 Prozent klammen. Domat gouf déi éischt Estimatioun also confirméiert.
Am éischten Trimester dëst Joer ass de PIB an der Eurozon ëm 0,3 Prozent par rapport zum Trimester virdrun an d‘Luucht gaangen.