arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Kommissär Christophe Hansen verteidegt Mercosur-Handelsofkommes

Fräihandelsaccord

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

EU-Kommissär Christophe Hansen verteidegt Mercosur-Handelsofkommes

De Lëtzebuerger EU-Agrarkommissär Christophe Hansen huet gëschter um Méindeg an der Chamber den ëmstriddenen Mercosur-Handelsaccord verteidegt.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Christophe Hansen | © Pit Beffort
Christophe Hansen (Foto: Pit Beffort)

D’Bezéiungen zu diversen internationale Partner géifen Europa zu engem staarken Acteur maachen. Dowéinst dierft Europa sech net virun esou Partnerschafte verschléissen a misst weider nei Partnere sichen, esou de Christophe Hansen gëschter zu Lëtzebuerg.

Hien huet hei de Mercosur-Accord mat véier südamerikanesche Staate viséiert. Dee wier a sengen Ae ganz wichteg.

“Mir mussen natierlech eng ganz staark diplomatesch Stëmm an der Welt hunn an déi och nach stäerken. A mir mussen awer och ganz kloer soen, mir wëllen eis net tëschent China an tëschent Russland an tëschent Amerika opreiwen oder déi eng oder déi aner Säit wielen. Mir sinn e Kontinent, deen op de Multilateralismus, op den Dialog an op eng gutt Zesummenaarbecht mat anere Länner baséiert. Da musse mir weider nei Partner sichen. Et ass net am Retrait, wou mir méi staark ginn, mee et ass un der Ouverture, wou mir kënne méi staark ginn an dann eisen eegene Wee fannen.”

A Frankräich mee och an aneren EU-Länner waren um Méindeg Protestaktioune géint den Handelsaccord.

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen soll den Accord e Samschdeg a Paraguay ënnerschreiwen.

play_arrow Lauschteren