arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Klimazil: Weider keen Accord

EU-Ëmweltministeren

|
headphones

1 min

EU-Klimazil: Weider keen Accord

D'EU-Ëmweltministeren hunn nach ëmmer keen Accord fir e Klimazil vun der EU fonnt. Déi 27 EU-Ëmweltministere waren den Dënschdeg Moien zu Bréissel zesummekomm an hu bis spéit an d'Nuecht verhandelt, ouni sech eens ze ginn.

headphones

1 min

Si sollen de Moien um Mëttwoch, kuerz virun 8 Auer, nees zesummekommen.

Accord a Siicht 

D'Spriecherin vun der dänescher EU-Presidence sot eis op Nofro hin, d'Presidence géif mengen, datt et eng politesch Basis fir en Accord gëtt, a si géif sech dofir erwaarden, datt en Accord ofgeschloss wäert ginn, wann d'Verhandlungen de Moie weiderginn.

Lescht Chance virun der COP 

D'Reunioun vun den Ëmweltministere war aberuff gi fir sech awer nach iwwer ee Gesetz eens ze ginn, dat ee Klimazil bis 2040 fixéiert. Wann dat net geléngt, wäert d'EU kee Klimazil op der Weltklimakonferenz d'nächst Woch kënne virleeën. De Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes hat gëschter am 100,7-Interview gesot, et wier enorm wichteg, datt d'EU nach virum Ufank vun der Klimakonferenz ee Klimazil definéiert.