arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Gläichstellungsindex: Lëtzebuerg verbessert sech, bleift awer Mëttelmooss

GMMP-Rapport

|
headphones

1 min

EU-Gläichstellungsindex: Lëtzebuerg verbessert sech, bleift awer Mëttelmooss

Frae bleiwe weiderhin ënnerrepresentéiert an der Lëtzebuerger Medielandschaft an d’Rolle vu Fraen a Männer sinn nach ëmmer staark vu Stereotyppe gepräägt. Dat ass d’Conclusioun vum GMMP-Rapport: enger internationaler Etüd, déi zënter 1995 all 5 Joer iwwer een Dag duerchgefouert gëtt.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Lëtzebuerg huet elo déi véiert Kéier dobäi matgemaach a klasséiert sech am EU-Gläichstellungsindex mat 75 vun 100 Punkten an der Europäescher Moyenne. Domat läit Lëtzebuerg op der 7. Plaz.

Lëtzebuerg hätt iwwerdeems zënter 2010 déi gréisste global Verbesserung an der EU gemaach.

Frae sinn an zwee Domäner besonnesch ënnerrepresentéiert

Op nationalem Niveau huet de quantitativen Undeel u Fraen dës Kéier nëmmen 30 Prozent vum Contenue ausgemaach, bemierkt déi delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue. Besonnesch ënnerrepresentéiert wieren d’Domäner Ekonomie a Politik.

"Do stellt de Rapport effektiv fest, datt just 30 Prozent vun de representéierte Persounen an de Medie Frae sinn a si si besonnesch ënnerrepresentéiert a politeschen an ekonomesche Sujet. Dat läit natierlech och, kéint ech mir virstellen, zum Deel drun, datt och Fraen allgemeng manner engagéiert sinn an deem Domän."

play_arrow Elisabeth Margue

D'Ministesch betount, datt et wichteg wier, datt Fraen hir Roll fannen an herno och an de Medien representéiert sinn.