An de nächsten Deeg misste konkret Decisioune geholl gi fir der Ukrain ze hëllefen. Wann net, géif den ukrainesche Stroumreseau komplett zesummefalen.
D‘EU dierft sech dobäi net eleng op d‘USA verloosse, mee selwer d‘Responsabilitéit iwwerhuelen. Däitschland hat um Weekend schonn ugekënnegt e weider Patriot-System ze liwweren.