D’Decisioun vum franséische Grupp Lactalis, datt vun Abrëll 2027 un, keng Lëtzebuerger Mëllech bei der EKABE méi soll verschafft ginn, beschreift d’Ministesch am 100,7-Interview als eng “Scheedung ouni Virwarnung”.
“Dramatesch fir d’Betriber”
D’Martine Hansen hat op Demande vum Grupp um Donneschdeg eng Entrevue mat Lactalis, fir iwwer Restrukturatiounsmesuren ze schwätzen. D’Grënn dofir wiere reng ekonomesch, hätt Lactalis gesot.
“Wou dann elo trotzdeem vun engem Dag op den anere gesot gëtt, ab Enn Mäerz d'nächst Joer huele mer är Mëllech net méi. Dat ass dramatesch fir déi Betriber.”
Fir wéi laang den EKABE-Site zu Eescheler soll bestoe bleiwen, weess d’Ministesch net.
Onkloer wéi vill d'Luxlait kann iwwerhuelen
D’Luxlait huet haut ugekënnegt, eng Analys wëllen ze maachen, fir ze kucken ob Mëllech – déi net méi un d’EKABE wäert goen – kann absorbéiert ginn. Et wéilt ee seng Responsabilitéiten iwwerhuelen, esou de Generaldirekter Gilles Gerard. D’Martine Hansen begréisst déi Ukënnegung. Si géif awer och verstoen, datt d’Molkerei, d’Situatioun elo als éischt misst analyséieren, wéi vill Mëllech si kéinten iwwerhuelen.
“Et wier natierlech flott, wa se déi do Mëllech kéinte ganz iwwerhuelen. Mee dat wier awer, ech menge bal ee Véierel nach eng Kéier dobäi vun deem, wat se elo hunn. An ech weess net, ob se déi Capacitéiten hunn. Dat ass ze kucken.”
“Den EKABE-Kachkéis gëtt net hei gemaach”
D’Martine Hansen huet confirméiert, datt schonn elo keng fäerdeg Produkter méi um EKABE-Site zu Eescheler hiergestallt ginn.
De Luxlait-Generaldirekter Gilles Gerard hat virdru kritiséiert, datt d’Produkter vun der Mark EKABE scho laang net méi hei am Land hiergestallt ginn.
Dozou seet d'Ministerin:
“Jo, dat ass esou. Et ass keng richteg Produktioun zu Eescheler. Dat ass u sech just Andéckse vu Mëllech, déi da weider transportéiert gëtt. Dat ass eng Prefabrikatioun, esou kann een et nennen, oder eng Transformatioun, awer et ass keng Produktioun. Dat heescht, den EKABE-Kachkéis, dee gëtt net hei gemaach.”
Keng séier Äntwerte fir d’Baueren
De Spillraum vum Landwirtschaftsministère respektiv vum Staat wier an dësem Fall EKABE net ganz grouss, gëtt d’Martine Hansen zou: Et kéint een awer hëllefen, no Léisungen ze sichen.
Wéi séier wëssen déi betraffe Baueren, u wie si hir Mëllech an Zukunft kënne liwweren?
“Dat géif ech Iech gäre soen, mee ech mengen am léifsten hätten d'Baueren och, datt se do direkt eng Äntwert hätten. Mee dat kann ech Iech leider net soen.”
Um Landwirtschaftsdësch de 5. Juni soll den Dossier EKABE iwwerdeems – Stand haut – keen Thema sinn. Do wäert zesumme mat den Acteuren aus dem Secteur virun allem dat nächst Agrargesetz preparéiert ginn, esou d’Ministerin.