Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Possing - Folk Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EIB kéint d'Dier opmaache fir de Finanzement vun Atom-Projeten

EUROPÄESCH INVESTITIOUNSBANK

EIB kéint d'Dier opmaache fir de Finanzement vun Atom-Projeten

Ee Strategiepabeier leet no, datt d‘Europäesch Investitiounsbank d‘Entwécklung vu klengen Atomreakteren ënnerstëtze soll. E muss nach vun de Memberlänner guttgeheescht ginn. D‘Lëtzebuerger Positioun steet nach net fest, esou de Finanzministère.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

Europäesch Investitiounsbank | © picture alliance / BeckerBredel play_arrow
Foto: picture alliance / BeckerBredel

An engem vertrauleche Pabeier, deen eis virläit, proposéiert de Comité vun den 8 Vizepresidenten a Vizepresidentinne vun der Europäescher Investitiounsbank eng Roadmap fir d’Strategie vun der EIB fir déi nächst 3 Joe. Eng Strategie, déi ënner anerem d’Dier opmécht fir Investitiounen am Nuklearsecteur.

Der Atomindustrie feelen Investitiounen

Um éischten europäeschen Atomenergie-Sommet am Mäerz zu Bréissel hat d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen nach hir Vue erkläert.

“Wat misst geschéien, fir datt Atomenergie eng substanziell Contributioun fir eis Klimaziler kéint maachen? Dat wichtegst ass et, nei Investitiounen ze assuréieren.”

Dobäi kéint d’Europäesch Investitiounsbank (EIB) eng wichteg Roll spillen. Dat soe virun allem déi Länner an der EU, déi d’Atomenergie pusche wëllen.

EIB-Pabeier: Participatioun u Projete fir d‘Entwécklung vu klengen Atomreakteren

Am Pabeier vun der EIB gëtt elo proposéiert, datt d’EIB méi Efforte maache soll bei Kreditter fir klimaneutral Technologien. An d’Atomenergie gëtt do explizitt ernimmt, andeems d’Participatioun un Industrieallianzen am Nucléaire - notamment fir d’Recherche an d’Entwécklung vu klenge modulären Atomreakteren - nogeluecht gëtt.

Dat wier nei an der Politik vun der Europäescher Investitiounsbank, entsprécht awer duerchaus dem Wonsch vun der Europäescher Kommissioun.

Si hat am Februar eng nei Allianz mat der Industrie lancéiert, fir der Entwécklung vun deene klenge Reakteren (kuerz SMR) bis 2030 op d’Spréng ze hëllefen. Bis elo gëtt et déi nämlech nach net, an den Interêt vun der Industrie hält sech a Grenzen. D’Kommissioun wëllt dat änneren.

“SMR ass eng villverspriechend Technologie. Verschidde Memberlänner hunn hei Interêt ugemellt. Loosst eis dat also ugoen.”

Lëtzebuerg muss sech positionéieren

De Strategiepabeier vun der EIB kéint do hëllefen. E muss awer nach vun de Membere vun der Bank - also den EU-Memberstaaten - guttgeheescht ginn. Wat seet Lëtzebuerg dozou? Bis elo war de Grand-Duché kritesch, ob dat esou bleift, ass no den Aussoe vum Premier Luc Frieden um Bord vum Atom-Sommet net méi esou kloer.

Éischter vag fält dann och d’Äntwert op eis Nofro beim Finanzministère iwwer déi Lëtzebuerger Positioun zum Pabeier aus. Dee “géif aktuell nach iwwerschafft” ginn, an et wier dofir “nach ze fréi fir sech definitiv ze positionéieren”.

D’EIB wier iwwerdeems eng Institutioun, déi op den EU-Traitéë baséiert a sech “un hiert Mandat an u geltend Recht” hält. “D’Lëtzebuerger Positioun wäert sech an deem Kader beweegen”, heescht et auswäichend an där schrëftlecher Stellungnam.

EIB-Vizepresident: Schwéierpunkt bleift op Erneierbaren

Wou genee d’Rees bei der EIB higeet, ass nach net kloer. An de leschte 24 Joer goufe grad emol 8 Projeten am Beräich vun der Atomenergie finanzéiert. Dat mat engem Budget vun eppes méi ewéi enger Milliard Euro.

Hir nei Direktesch, déi fréier spuenesch Finanzministerin Nadia Calvino, hat an engem Interview mat der Financial Times eng Ouverture par Rapport zur Nuklearenergie net ausgeschloss.

Den Thomas Östros, ee vun de Vizepresidente vun der EIB, huet sech um Atom-Sommet och zum Theema geäussert.

"Et steet näischt an eise Reegelen, wat de Finanzement vun nukleare Projeten ausschléisst.“

Hien huet do allerdéngs den Äifer vun der Atomindustrie gebremst.

"Mir sinn eng Bank", esou och den Thomas Östros. De Risiko bei deenen Atom-Projete wier grouss. Et géing net ouni staatlech Ënnerstëtzung goen. A well d’Länner séier Léisunge bräichten fir aus de fossillen Energien erauszeklammen, léich d’Prioritéit weider op den erneierbaren Energien.

Decisioun fält den 21. Juni

Den 21. Juni soll de Strategiepabeier bis 2027 ugeholl ginn. An am ieweschte Gremium vun der EIB, dem “board of governors”, do sëtzt fir Lëtzebuerg de Finanzminister Gilles Roth dran, dee sech dee Moment dozou positionéiere muss. 

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.