Dréchewuess? An hirem Virwuert beschreift d’Dichterin Ulrike Bail, déi mat hirem rezente Band “im halblichten geäst deines atems” (2023, Conte Verlag) e ganz gelongt Beispill vun “nature writing” virgeluecht huet, dëse besonnesche Biotop esou:
“Durch den relativ trockenen, mageren und nährstoffarmen Untergrund haben nicht nur die Gräser dieser Standorte eine Chance, sondern auch die langsamen, die kleinen Gewächse, vor allem die Kräuter, können gedeihen. So entsteht ein reiches Ökosystem mit einer Fülle an Blumen, Gräsern und Insekten, an Farben, Formen und Duft.”
Dem Bernd Marcel Gonner säin neie Gedichtsband “Heimliches Gebet. Vom Trockenrasen (und nahebei)” (Michikusa Publishing) ass en Hommage un d’Schéinheet an d’Diversitéit vun der Flora op deem Dréchewuess. Säi Lueflidd kënnt elo net als schwéierfälleg, pompös Poesie dohir mee besteet an der Reegel aus verspillten, erfrëschend knappen Zwee-, Dräi- oder Véierzeiler. Eng Ausnam, déi a Punkto Inhalt, Form an Toun ervir stécht: “Heimliches Gebet”, e Gedicht, an deem de Gonner sech un e Gott adresséiert, dee fir praktesch alles op der Äerd verantwortlech ass - implizit also och fir déi vum Auteur besongener Natur.
Nëmmen um éischte Bléck liest sech de Band wéi e ganz eeschte Katalog vu Blummen a Kraider: d’Titele vun deen eenzele Gedichter (eng honnert am Ganzen) bestinn aus dem däitschen an dem laténgeschen (also wëssenschaftlechen) Numm vun de behandelte Specimenen.
D'Herrlechkeet vun de Blummen a Kraider
D’Gedichter selwer sinn dogéint dem Auteur seng subjektiv Beschreiwunge vun de Planzen, un déi hien sech och direkt riicht, sief et eenzel oder am Grupp. Hie geet op hir Formen a Faarwen an, wéi se sinn, wéi se sech entwéckelen, ënnersträicht a bewonnert hir Eenzegaartegkeet, hir Herrlechkeet.
An der klassescher Lyrik gouf ëmmer gären op erotesch Metapheren zréckgegraff, Blumme goufen dacks mam Frae- respektiv Männerkierper verglach. Dat ass och hei sporadesch de Fall. Sou heescht et iwwer de “Bienen-Ragwurz (Ophrys apifera)”:
“So klein auch, die Lippen dennoch zum
Schmachten geschoppt,
dass die Kurzzeit-Liebste leicht ins
Flitterbett robbt.”
Net seele wieft den Auteur rondrëm den Numm vun der beschriwwener Planz. D’”Wohlriechendes Veilchen” rifft logescherweis d’Associatioun mam Doft ervir. Den “Zweiblättriger Blaustern (Scilla bifolia)” gëtt mat de Stären um Himmel verbonnen:
“Den Himmel auf die Erde holen! –
welch Appell!
Du tust es unbefohlen,
Wie ein Tor am Quell.”
Déi kleng, buedemstänneg an zäitlech limitéiert Welt vun de Planze kritt en Hauch vun Onendlechkeet zougeschriwwen, wéi den éiwegen Zyklus vun de Joereszäiten.
De frësche Bléck aus der Kandheet
Entscheedend ass also, wéi een op dës natierlech Welt kuckt a se op sech awierke léisst. Méi wéi eemol ginn d’Kanner an de Gedichter genannt. Kanner gesinn, si hunn de frëschen, virwëtzegen, dat heescht poetesche Bléck op hir Ëmwelt. Fir seng nawell originell Beschreiwung vun der “Bunte(n) Kronwicke (Securigera varia)” rifft sech den Dichter Sensatiounen aus der Kandheet an Erënnerung:
“Aus dem Kaugummiautomaten
hätten als Kind wir dich gerne gestohlen (wie
Räuber) – wegen der schrillen Farbe und Form -”
Wéi e Wonner wierken d’Blummen an d’Kraider op den Auteur. Oder wéi d’Produkt vun engemm esoteresche Prozess, wéi am Fall vun der “Zypressen-Wolfsmilch (Euphorbia cyparissias):
“Du wandelst Schweiβ zu Gold
mit deinen spitzen Nadeln.
Als wär’ die Alchemie der Sold
dafür, den kargen Grund zu adeln.”
Wie vergiess huet, d’Natur an all hirer prächteger Villfalt wouer ze huelen, dee fënnt am Bernd Marcel Gonner sengem Bichelchen “Heimliches Gebet. Vom Trockenreisen (und nahebei)” eng Inspiratiounsquell. De frësche Bléck aus der Kandheet huet hien net verluer.