arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ E neie Guide fir eng national Resilienzstrategie

Strategien fir Gemengen

|
headphones

1 min

E neie Guide fir eng national Resilienzstrategie

D’Gemenge sollen an Zukunft mat Hëllef vun engem Guide gehollef kréie fir déi national Resilienzstrategie ëmzesetzen, déi de Premier Luc Frieden virun engem Mount virgestallt hat. Elo ginn et dann éischt konkret Uweisungen un d’Gemenge wéi dës Strategie soll ëmgesat ginn.

headphones

1 min

De Léon Gloden presentéiert de Guide fir eng national Resilienzstrategie | © Pit Beffort
De Léon Gloden presentéiert de Guide fir eng national Resilienzstrategie (Foto: Pit Beffort)

De Guide soll dobäi hëllefen, wéi  ee sech besser ka virbereeden, fir wann et zu engem Incident oder enger Katastroph géif kommen. Dat sot den Inneminister Léon Gloden bei der Presentatioun en Donneschden.

Punkten dora sinn zum Beispill, wéi eng Gemeng d‘Risike kann identifizéieren an dann doropshi Mesuren a  gewëssen Zenarie kann opstellen. Et ass keng Gemeng verflicht, dëse Guide praktesch ëmzesetzen, mee vill Gemengen hätte scho Strukturen en Place fir am Katastrophefall ze reagéieren.