Besonnesch gefreet gouf sech op d’Präsenz vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie um Balcon vum Palais.
Am Laf vum Moien hu sech ëmmer méi Leit virum Palais och um Knuedler afonnt, fir dobäi ze sinn. Eng ganz Rëtsch vun hinnen hunn zënter de fréie Moiesstonnen op d’groussherzoglech Koppel an och op d’Membere vun den auslännesche Kinnekshaiser gewaart.
Schonn éier de Grand-Duc Guillaume vereedegt gouf, waren d’Stroosse ronderëm de Palais gutt gefëllt. En éischte groussen Highlight fir de Public gouf et dunn, wéi sech déi groussherzoglech Koppel no der Ofdankungszeremonie an dem Eed géint Véirel op 12 um Balcon vum Palais gewisen huet.
Kuerz drop ass et fir de Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie vum Palais op de Knuedler bei d’Stater Gemengenhaus gaangen. Um Wee dohin hu vill Leit hannert de Gitter gewaart, fir déi groussherzoglech Koppel live ze gesinn.
Nom Accueil virum Stater Gemengenhaus ass d’groussherzoglech Koppel dunn dem Public nach eng Kéier méi nokomm. Si hu sech op de Wee an de Cercle Cité gemaach a sech um Wee dohin Zäit geholl, fir de Bierger:innen ze begéinen, hinnen d’Hand ze ginn a sech vereenzelt och kuerz mat hinnen ze ënnerhalen.