Bei enger Konfrontatioun mat de Poliziste konnt de presuméierten Täter - der saarlännescher Police just 18 Joer al - dem spéideren Affer seng Pistoul klauen an huet e puermol op hie geschoss. De Polizist gouf déidlech getraff.
Och den Täter gouf beim Schosswiessel mat der Police getraff an net liewensgeféierlech blesséiert. Hie gouf festgeholl.