arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ E Gespréich mat der Maréchale de la Cour Sascha Baillie

Trounwiessel

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

E Gespréich mat der Maréchale de la Cour Sascha Baillie

Als Maréchale de la Cour ass d'’Sascha Baillie um Dag vum Trounwiessel dofir verantwortlech, datt alles riicht leeft. Donieft ass si och fir protokollaresch Aarbechten an den Accueil vun de Gäscht zoustänneg. Am Gespréich mam Maurice Molitor gëtt si en Abléck hanner d'Kulissen.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Maréchale de la Cour Sascha Baillie
Maréchale de la Cour Sascha Baillie

D’Sascha Baillie encadréiert déi héich national Invitéen an de Grand-Duc Henri këmmert sech da selwer ëm déi héich auslännesch Invitéen.

“Wärend der Abdicatiounsceremonie wäert ech och esou eppes wéi eng Maître de Ceremonie sinn. Ech wäert do duerchféieren. Ech wäert och no der Signature vum Acte d'Abdicatioun déi och virliesen. Voilà, an da geet dat esou dee ganzen Dag och virun. An ech wäert ëmmer beim aktuelle Grand-Duc a beim neie Grand-Duc als Maréchal och ëmmer him zur Säit stoen.”

Jéngsten Ierfprënz

Mam Trounwiessel, bei deem de Guillaume Grand-Duc gëtt, kritt Lëtzebuerg net nëmmen ee vun dee jéngste Monarchen an der Welt, mee virun allem dee jéngsten Ierfprënz vun der Welt.

Den elo-5-Järege Prënz Charles kéint awer fréistens mat 18 Joer Grand-Duc ginn. D’Maréchale de la Cour - d’Sascha Baillie - erkläert am 100,7-Interview, wat dann am Fall géif geschéien, wann de Grand-Duc Guillaume net méi do wier, éier de Prënz Charles volljäreg wier.

“An eiser Verfassung ass virgesinn, datt eng Régence dee Moment géif antrieden. Da wäert deen, deen dee Moment den nächsten an der Trounfolleg ass, d’Régence iwwerhuelen an dat wier an deem Fall de Prënz Félix, bis datt dee Moment de Prënz Charles als Héritier groussjäreg ass an da kéint an de Rôle vu Grand-Duc kommen.”

play_arrow Lauschteren