arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ E Comité fir eng Verfassung fir de Palästinenserstaat

Frankräich a Palästina

|
headphones

1 min

E Comité fir eng Verfassung fir de Palästinenserstaat

De President vun der Palästinenserautoritéit, de Mahmoud Abbas, an de franséische President Emmanuel Macron hunn ee gemeinsame Comité ugekënnegt, fir eng Verfassung fir ee Palästinenserstaat ze schreiwen. Dat hu béid bei engem Treffe gëschter um Dënschdeg zu Paräis ugekënnegt.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Artur Widak
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak)

De Mahmoud Abbas huet dem Emmanuel Macron och op en Neits gesot, datt hie sech fir Reformen an och fir d'Ofhale vu Walen an de palästinensesche Gebidder géif asetzen. Dat wier eng "Prioritéit“, esou de President vun der Palästinenserautoritéit.

Si sollen d'Joer nom Enn vum Krich an der Gaza ofgehale ginn, ouni allerdéngs explizitt ze confirméieren, datt se d'nächst Joer wieren.