Och scho wärend der Schwangerschaft an esouguer virdrun, hunn eng Mamm an hire Partner en Afloss dorop, wéi d’Gesondheet sech vun hirem Puppelche wäert entwéckelen.
Et ginn ëmmer méi Etuden doriwwer, datt d'Liewensgewunnechte wärend där Period kënnen zu der Entwécklung vun ADHS, Autismus, Léierschwieregkeeten an Entwécklungsstéierunge féieren. D’Dr. Ingrid Rollinger huet d'Resultater vun Honnerte Studien an hirem Buch "Schwangerschaftsjoker" zesummegedroen.
Kann net méi réckgängeg gemaach ginn
En Joker implizéiert jo u sech eppes, wou ee sech nach aus enger Situatioun ka retten. Am Virwuert schreift d'Dokter Ingrid Rollinger, datt si an hirem Buch weise wéilt, wéieng unique Period eng Schwangerschaft wier an datt dat, wat wärend där Zäit passéiert, ni méi kéint réckgängeg gemaach ginn. Si gesäit d’Wëssen als een Joker.
“Dat heescht, mat deem Joker kann een d'Gesondheet vum Kand verbesseren. Dat heescht, vu datt déi Liewensgewunnechte virun a wärend der Schwangerschaft, net nëmme vun der Mamm, vun den zwee Eltere virun der Schwangerschaft schonn eng Roll spillen, ass dat dat einfach immens wichteg."
Wann een eben dat Wëssen huet, datt net just déi Méint wärend der Schwangerschaft zielen, mee datt déi lescht dräi Joer virun enger Schwangerschaft eng ganz wichteg Roll spillen, da kéint een d’Gesondheet vum Kand bewosst beaflossen, esou d’Doktesch.
“Dat heescht, wann een an där Zäit scho weess, als Joker, datt ee kee Cannabis konsuméiere soll, keen Alkohol méi soll drénken, op seng Ernärung opzepassen an och soss Sport ze maachen a versiche säi Gewiicht ze normaliséieren, da mécht een do scho ganz, ganz vill fir d'Gesondheet vum Kand laangfristeg.”
Handy-Stralung
Nieft de bekannte schiedleche Substanzen, wéi Tubak oder Alkohol, huet och d’Stralung vum Handy een negativen Afloss op d’Entwécklung vum Kand.
“Kanner virun der Gebuert, déi si vill méi ufälleg fir Stralen. Also net nëmme fir Handy-Stralung, mee och fir Stralung zum Beispill fir Rëntgestralen. Dofir däerf een och wärend der Schwangerschaft keng Rëntge maachen. Awer natierlech och Stralung, déi ee bei enger Rees mam Fliger kritt.”
Vu datt et Zelle sinn, déi sech ganz séier deelen – wéi eebe bei der Entwécklung vun engem Kand – si Puppelcher souwuel wärend der Schwangerschaft, mee och nach an dem éischte Liewensjoer vill méi empfindlech fir Stralung. D'Stralung erhéijen de d'Kriibsrisiko an hunn och eng grouss Influenz op d'Entwécklung vun de Gehierzellen.
Inspiratioun fir d'Buch
D’Inspiratioun, dëst Buch mam Titel: Schwangerschaftsjoker: Wie Sie Lernschwierigkeiten, Missbildungen und Krebs bei Ihren Kindern und Enkelkindern verhindern können, ze schreiwen, war der Dokter Ingrid Rollinger hir Patienten. Si kënnt eigentlech aus der Kriibsfuerschung. An Tëschenzäit schafft si als Internisten zu Lëtzebuerg. Hir wier opgefall, datt ëmmer méi Kanner hei am Land gesondheetlech Problemer hätten. An dat géif vu Joer zu Joer zouhuelen.
“A vu, datt ech mech ëmmer scho ganz vill mat der Ernärung beschäftegt hunn, ech ëmmer ganz vill gelies hunn, hunn ech mer geduecht, dat wär awer wichteg, datt een do emol de Leit e richtegen Zougang gëtt.”
Vill Frae wieren zwar scho ganz gutt informéiert, mee net ëmmer um leschte Stand vun der Wëssenschaft. A well déi neisten Erkenntnisser an der Fuerschung meeschtens a Fachzäitschrëfte publizéiert ginn an deemno net esou zougänglech si fir de Grand Public, huet d'Ingrid Rollinger et als hier Aufgab gesinn, dëst Wëssen zesummen an och no baussen ze droen.