arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dysfonctionnementer beim CET? Ex-Presidentin hätt sech "net optimal" ausgedréckt

Andy Schammo

|
headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow

Dysfonctionnementer beim CET? Ex-Presidentin hätt sech "net optimal" ausgedréckt

Als neie President vum Centre pour l'Egalité de Traitement, kuerz CET, trëtt den Andy Schammo d'Nofolleg vun der Susanna van Tonder un, déi bei hirer Demissioun vun Dysfonctionnementer geschwat hat. Ee Virworf, deen hiren Nofollger zeréckweist.

headphones

3 min

headphones

12 min

play_arrow

De Centre pour l'Egalité de Traitement, kuerz CET, ass eng Ulafstell fir Affer vun Diskriminéierung. An d’Schlagzeile geroden ass de CET leschte Summer, wéi hir deemoleg Presidentin Susanna van Tonder hir Demissioun agereecht huet. Als Grënn huet si Dysfonctionnementer innerhalb vum Centre genannt, mee och gesondheetlech Grënn.

Ongléckleche Problem beim CET?

Hiren Nofollger ass den Andy Schammo. Am 100,7-Interview erkläert hien, datt et aktuell effektiv net méiglech ass, datt jiddereen dee Poste vum President ausübe kann.

"Dozou muss ee soen, datt de CET eng Struktur ass, wou Stand haut et net méiglech ass, datt Leit mat gewësse Beanträchtegunge kënnen deen Job voll ausüben, well ee vläicht net déi Ënnerstëtzung vum Gesetzeskader huet, déi ee sech vläicht kéint wënschen."

An deem Beräich wéilt ee sech an Zukunft besser opstellen, esou den Andy Schammo. Et wier aus engem gesetzleche Kader gewuess, dee bis haut net reevaluéiert ginn ass. Ee Problem, deen et op anere Plazen awer och géing ginn, esou den Andy Schammo.

Datt esou ee Problem grad bei enger Ulafstell fir Diskriminatiounsaffer besteet, wier onglécklech. An engem zukünftege Gesetzesprojet wéilt een dee Punkt dann och geännert gesinn, esou den Andy Schammo.

Net richteg, datt Saachen net funktionéiert hätten

Wat d’Dysfonctionnementer ugeet, déi seng Virgängerin ugeschwat hat, sot den neie President, datt si sech do "net optimal" ausgedréckt hätt. Et wier net richteg, datt Saachen net funktionéiert hätten. Zënter engem Joer ass den Andy Schammo scho Member vum CET, an an där Zäit konnt een der Aufgab ëmmer gerecht ginn, souwuel virun, wéi och no der Decisioun vun der Susanna van Tonder.

De Presidenteposten huet den Andy Schammo op fräiwëlleger Basis iwwerholl. Et ass nämlech ee Posten, deen ëffentlech ausgeschriwwen ass, a wou a priori jidderee sech drop melle kann. Et ass d’Chamber, déi dann ee Kandidat oder eng Kandidatin eraussicht.

Fir de Rescht si 4 Leit fest beim CET ugestallt, dorënner Juristen.

Handicap an ethnesch Originne sinn déi heefegst Grënn vun Diskriminatioun

Mat Ausnam vun 2024 wieren ëmmer méi Leit bei de CET komm. Et sinn dëst net just d’Affer selwer, mee och Zeien.

Déi heefegst Grënn vun Diskriminatioun sinn iwwerdeems en Handicap an ethnesch Originnen.

Den Andy Schammo erkläert, datt de Centre net dofir zoustänneg ass, d’Accusatiounen ze iwwerpréiwen. Si huelen d’Informatiounen op, schwätze mat der Persoun, a berode sech dann intern, wéi eng Pisten ee verfollege kann, fir d’Situatioun ze besseren. Eng Méiglechkeet ass et zum Beispill Kontakt mam Patron opzehuelen.

Nieft de 4 fest ugestallte Leit gëtt et nach ee Collège. Deen diskutéiert a Reuniounen iwwer déi verschidden Dossieren.

play_arrow Lauschteren