arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Düsseldorf: 4 Schwéierblesséierter no Accident mat enger Freedefeier-Rakéit

19 Blesséierter insgesamt

|
reading time

1 min

Düsseldorf: 4 Schwéierblesséierter no Accident mat enger Freedefeier-Rakéit

Zu Düsseldorf si 19 Leit vun enger Freedefeier-Rakéit blesséiert gi beim offizielle Freedefeier gëschter um Freidegowend fir d‘Enn vun der Rheinkirmes. Éischten Erkenntnisser wiere véier Leit schwéier blesséiert ginn, dorënner e Kand, esou e Spriecher vun der Police.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | David Young
(Foto: picture alliance/dpa | David Young)

Eng offiziell confirméiert Deklaratioun iwwer d‘Ursaach vum Accident gëtt et nach net. Der Police no wier eng Freedefeier-Rakéit héchstwarscheinlech ze fréi an der Loft explodéiert. Si wier net héich genuch gewiescht an hätt d‘Leit getraff a blesséiert.