arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Duerchbroch bei Verhandlungen tëschent Israel an der Hamas

Krich an der Gazasträif

|
headphones

1 min

Duerchbroch bei Verhandlungen tëschent Israel an der Hamas

Et gëtt en Duerchbroch an de Verhandlungen tëschent Israel an der Hamas. Dat no zwee Joer Krich an der Gazasträif. An indirekte Verhandlunge gouf een sech iwwert éischt wichteg Punkten eens.

headphones

1 min

Et gesäit een den Damp no den israeeleschen Attacken am Norde vu Gaza de 25. August 2025  | © EPA/ATEF SAFADI
Et gesäit een den Damp no den israeeleschen Attacken am Norde vu Gaza de 25. August 2025 (Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Déi israeelesch Geiselen, déi nach an den Hänn vun der Hamas sinn, solle fräi kommen.

En contrepartie, soll déi israeelesch Arméi sech an der Gazasträif hannert eng ofgemaache Linn zeréckzéien. Dat huet den amerikanesche President Donald Trump op senger Social Media Plattform 'Truth Social' annoncéiert. D'Hamas huet den Accord  och confirméiert.