Dat neit Joer steet virun der Dier an dat ass fir vill Leit traditionell e Moment, op deem si sech eng positiv Verännerung virhuelen. Méi Zäit mat der Famill, méi Sport, méi gesond Iessen a villäicht ass fir deen een oder aneren och ee Virsaz manner Alkohol ze drénken.
Oder wéi wier et mat engem ganze Mount Paus? De Lëtzebuerger Gesondheetsministère lancéiert ganz offiziell deen éischten “Dry January” hei am Land.
Ee Rendez-vous, dee weltwäit all Joer vun Dausende Leit agehale gëtt. Schonn zënter enger Partie Jore maache Leit dat vun sech aus, well dëse Verzicht vill positiv Effete mat sech brénge géif, erkläert d’Coordinatrice vum Programm PALMA, dem Lëtzebuerger Aktiounsplang géint de Mëssbrauch vun Alkohol, d’Catherine Tomicic. D’Effekter géif ee scho bannent kuerzer Zäit mierken.
“Do huet een, egal wéi, scho ganz positiv Effeten, wéi zum Beispill e bessere Schlof, eng besser Haut, et ass een och psychologesch besser drop.”
Dry January féiert generell zu manner Alkoholkonsum – och duerno
An anere Länner, an deenen den Dry January scho méi laang offiziell gemaach gëtt, géifen et ëmmer méi Etuden a Statistike ginn.
“An do kann een zum Beispill och scho ganz kloer gesinn, datt no bis aacht Méint nodeems een deen Dry January gemaach huet, dee Challenge am Fong opgeholl huet, datt een da souguer nach aacht Méint spéider entweeder guer net méi drénkt oder op jidder Fall manner drénkt. Dat heescht, et huet och en Impakt op ons en, op ons d'Behuelen.”
Op der Internetsäit dryjanuary.lu ginn et weider Informatiounen an d’Méiglechkeet sech an ze schreiwe fir wärend dem Mound weider Tipps ze kréien.