Zënter gëschter Owend goufe ronn 80 Flich wéinst Dronen, déi an der Géigend vum Flughafe gesi goufen, annuléiert. Verschidde Flich goufen ëmgeleet. De Fluchtrafick war gëschter Owend zweemol ënnerbrach ginn, nodeems Drone bei de Fluchhäfen zu Bréissel a Léck signaléiert goufen.
Den Tower vum Flughafen Bréissel-Zaventem (Foto: Adobe Stock)
De leschte Weekend waren och Dronen iwwer déi belsch Militärbase Kleine-Brogel geflunn, wou amerikanesch Atomwaffe gelagert sinn.
De belsche Verteidegungsminister sot, et wiere professionell a koordinéiert Aktioune gewiescht, fir d'Land ze destabiliséieren. Och an aneren europäesche Länner goufen an de leschten zwee Méint Dronen an de Loftraim gemellt. Verschidde Länner soten, Russland géif derhannert stiechen.