De ganze Fluchverkéier huet misse gestoppt ginn, nodeems zwou bis dräi Dronen iwwert de Fluchhäfe gesi goufen.
Duerch de Virfall ass groussen ekonomesche Schued entstanen – ronn 100 Volle ware gestrach ginn, haut ass weider mat Verspéidungen ze rechnen.
“Bis ewell schwéierst Attack”
Um Dënschdegmoien huet déi dänesch Regierung an d’Police gesot, et wier déi bis elo schwéierst Attack op dänesch kritesch Infrastrukturen, esou d’Ministerpresidentin Mette Frederiksen.
Si sot net, wien hannert dem Virfall kéint stiechen – huet awer och net ausgeschloss, datt Russland eppes domat ze di kéint hunn. De Kreml weist de Verdacht vu sech.
Eng konkret Geforesituatioun fir d’Populatioun hätt et net ginn.
Norwegen: Police gëtt nach keng Aschätzung
Och zu Oslo an Norwegen war de Fluchhafe stonnelaang ausser Betrib. D‘Police huet sech mat eng Aschätzung zeréck gehalen – d‘Observatioune wieren nach net verifiéiert, heescht et. Onkloer ass och, ob de Virfall a Relatioun mat deem zu Kopenhagen steet.
Den norwegesche Premier huet allsäits Russland virgehäit, dëst Joer schonn 3 Mol den norwegesche Loftraum violéiert ze hunn. Et wier net gekläert, ob et gewollt oder een Iertum gewiescht wier – mee et wier sou oder sou inacceptabel.