D'Dron ass ronn 120 Kilometer vun der ukrainescher an 100 Kilometer vun der belarussescher Grenz fort erofgefall. Vu wou genau de Fluchobjet kënnt ass awer nach net bekannt.
De polneschen Defenseminister schwätzt vun enger russescher Provokatioun. Der polnescher Regierung no géif et sech hei kloer ëm eng Dron aus Russland handelen. All Nato-Alliéiert wieren iwwer dëse Virfall informéiert ginn.