arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Drock um Sébastien Lecornu: Gewerkschaften dreeë mam nächste Protestdag

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Drock um Sébastien Lecornu: Gewerkschaften dreeë mam nächste Protestdag

Och zwee Deeg nom grousse Streikdag a Frankräich maachen d’Gewerkschafte weiderhin Drock op de Premier Sébastien Lecornu a stellen him een Ultimatum. Sollt hie sech net dorun halen, géing weider gestreikt ginn. Eng Entrevue ass fir Mëttwoch ugesat. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Mam Opruff "Bloquons tout" hunn den 10. September d'Leit a Frankräich géint Budgetskierzungen demonstréiert. | © EPA/GUILLAUME HORCAJUELO
Ënner dem Motto "Bloquons tout" hunn den 10. September d'Leit a Frankräich géint Budgetskierzungen demonstréiert. (Foto: EPA/GUILLAUME HORCAJUELO)

De Gewerkschaften no waren um Donneschdeg iwwer eng Millioun Persounen op de Stroossen fir ze protestéieren. E groussen Erfolleg, wéi si gëschter um Freideg matgedeelt hunn.

Et war och déi éischte Kéier zënter de Protester géint d’Pensiounsreform 2023, datt all 8 Gewerkschaften zesumme manifestéiert hunn. Et wëllt een och an den nächste Woche méi enk zesummenhalen.

Den Thomas Vacheron vun der lénker Gewerkschaft CGT sot gëschter um Freideg no enger Reunioun, datt ee sech dorop verstännegt hätt, dem Premier een Ultimatum ze setzen: Hien hätt bis de 24. September Zäit op hir Revendicatiounen anzegoen, soss géing een e weidere grousse Streik a Protestdag plangen. 

Gewerkschaften erwaarde sech "staark Signaler"

Gëschter Owend hunn d’Gewerkschaften annoncéiert, datt een e Mëttwoch zesumme bei de Sébastien Lecornu geet fir eng Entrevue. Et géing ee sech hei staark Signaler erwaarden.

Zu de Revendicatioune vun de Gewerkschaften zielt ënner anerem een Enn vun de Spuermesurë beim Budget, eng Indexéierung vun de Pensiounen, de Sozialleeschtungen an dem Budget vum ëffentlechen Déngscht, déi geplangte Reform vun der Assurance-Chômage suppriméieren an de Pensiounsalter nees vun 62 op 64 erhéijen.

Och wéilt ee méi fiskal Gerechtegkeet duerch eng méi héich Besteierung vu Räichen. De Protest, esou d’Gewerkschaften, géing wierken. De Premier huet jo schonn annoncéiert, datt hie bei sengem Budget op gewëss Mesurë verzichte wëllt, déi säi Virgänger proposéiert hat. Zum Beispill d’Suppriméiere vun zwee Feierdeeg.

play_arrow Lauschteren