Radioen

On air

9 bis 1  |  Michael Kiwanuka - Cold Little Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger kënnt op déi 24. Plaz

Olympesch Spiller

Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger kënnt op déi 24. Plaz

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis ass den Nicolas Wagner-Ehlinger am Nomëtten de 4. vun am Ganzen 10 Athleten a sengem Qualifikatiounsgrupp ginn: Den Dressurreider kënnt domat ënnert dem Stréch op déi 24. Plaz ënner 60 Konkurrenten. Mat sengem Päerd “Quater Back Junior FRH” huet hie ronn 72 Punkte kritt.

auto_stories

1 min

Nicolas Wagner-Ehlinger | © picture alliance/dpa | Friso Gentsch
Foto: picture alliance/dpa | Friso Gentsch

An de 16els-Finalle vum Dëschtennis-Simpel hat d’Ni Xia Lian wéi erwaart keng Chance géint d’Nummer 1 op der Welt Sun Yingsha. D’Chinesin huet sech am spéide Moie kloer 4:0 géint d’Lëtzebuergerin duerchgesat. Just am 3. Saz konnt d’Ni Xia Lian mat hirer jonker Géignerin mathalen.

A méi fréi am Moien hat d’Jeanne Lehair am Dammen-Triathlon missen opginn. Dee Moment war d’Lëtzebuergerin an engem zweete Grupp ënnerwee, ronn eng Minutt hannert dem Spëtzegrupp. D’Goldmedail war fir d’Cassandre Beaugrand aus Frankräich.