arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De fréiere Minister Robert Goebbels ass gestuerwen

Am Alter vun 81 Joer

|
headphones

2 min

De fréiere Minister Robert Goebbels ass gestuerwen

De fréiere sozialistesche Minister Robert Goebbels ass dout, wéi RTL als éischt gemellt huet. An den 80er an 90er Jore war de Robert Goebbels 15 Joer laang an der Regierung. Als Staatssekretär an och als Minister. Duerno souz hien nach 15 Joer laang am Europaparlament.

headphones

2 min

Robert Goebbels | © Radio 100,7
Robert Goebbels (Foto: Radio 100,7)

De Robert Goebbels war e Mann vun de klore Wierder. Hien hat e wirtschaftsliberale Standpunkt, huet gäre polemiséiert an ass dofir och alt emol schaarf kritiséiert ginn. Hie bleift och an Erënnerung als deen, deen als Staatssekretär 1985 d’Schengener Accorden iwwer déi fräi Persounenzirkulatioun fir Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet. Schonn zu Liefzäite gouf zu Schengen eng Strooss no him benannt. 

De Robert Goebbels war vu Formatioun Journalist, huet am Tageblatt geschafft a war zënter 1964 an der LSAP.

Eng laang politesch Karriär

1976 gouf hien eng éischte Kéier an de Stater Gemengerot gewielt. No de Chamberwalen 1984 koum hien dunn als Staatssekretär fir Ausserelatiounen an Ekonomie an déi éischt Regierung Santer-Poos. An der nächster Regierung 1989 gouf hie Minister fir Wirtschaft, ëffentlech Bauten an Transport, an dat blouf hien och ënner dem Jean-Claude Juncker, bis 1999.

Wéi d’LSAP no de Walen dat Joer dunn an d’Oppositioun koum, goung de Robert Goebbels an d’Europaparlament, wou hie bis 2014 souz.

Kloer, wann och ëmstridde Meenungen

Duerno huet hien e Schlussstréch ënner seng politesch Karriär gezunn, mee huet a villen Tageblatt- a Wort-Rubriken ëmmer erëm d’Wuert ergraff, an seng kloer - wann och kritiséiert - Positiounen ausgedréckt. Hie war do dacks net op der Linn vu senger sozialistescher Partei.

De Robert Goebbels war géint allméiglech Ëmweltoplagen, an déi gréng am Allgemengen, war an der Zäit vehement géingt den Tram, mee fir Wirtschaftswuesstem, Gentechnologie, d’Entwécklung vu KI, fir d’Weltraumpresenz vu Lëtzebuerg, mee och fir de fräie Persouneverkéier.

"Bëtongsminister"

Hie gëllt als fréiere Bauteminister ënner anerem als ee vun de Pappe vun der Coque an dem Campus Geesseknäppchen.

A senger Ministerzäit hat de Robert Goebbels awer och ëmmer erëm Kaméidi mat den Ëmweltorganisatiounen, notamment wéi hien an den 90er Joren de Bau vun der Nordstrooss duerchgedréckt huet.

Hien hat den Numm vum “Bëtongsminister” kritt. An d’ASBL “Jeunes et Patriomoine” hat him 1992 den negative Präis “Gëllene Bagger” iwwerreecht: Eng ironesch Belounung fir den Erëmopbau vun der historescher Schlassbréck an der Stad.

Dem Robert Goebbels gouf hei e respektlosen Ëmgang mat historescher Bausubstanz virgeheit.

Den 3. Abrëll 2026 wier de Robert Goebbels 82 Joer al ginn.