arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dout Studentin zu Tréier: Police geet vu Gewaltverbriechen aus

Däitschland

|
reading time

1 min

Dout Studentin zu Tréier: Police geet vu Gewaltverbriechen aus

Déi 29 Joer al Fra, déi e Sonndeg dout an hirer Wunneng zu Tréier fonnt gouf, war Studentin op der Universitéit Tréier. Dat deelen d’Enquêteuren an d’Uni Tréier haut mat. D’Police geet vu Mord aus.

reading time

1 min

Käerze stinn do, wou den 22 Joer ale Student zu Tréier erstach gouf | © picture alliance/dpa | Harald Tittel
Käerze stinn do, wou den 22 Joer ale Student zu Tréier erstach gouf (Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

D'Fra war virdru vun hirer Mamm als vermësst gemellt ginn. Dem aktuelle Stand vun der Enquête no deiten hir Blessuren op e Gewaltverbriechen hin. D'Police ermëttelt weider, méiglech Verdächteger oder den Hannergrond vun der Dot sinn den Ament nach net bekannt.

D'Police sicht no Zeien, déi tëschent Freidegnomëtteg a Sonndegmëtteg verdächteg Observatiounen an der Géigend vun der Nordallee gemaach hunn.

Universitéit trauert ëm Studentin

An engem Communiqué schreift d'Universitéit: “Die Nachricht vom Tod einer Studentin erfüllt uns mit tiefer Trauer und großer Fassungslosigkeit”.

Fir en Donneschdeg ass eng Gedenkfeier geplangt.

Zweeten Doudesfall bannent e puer Deeg

Eréischt leschte Mëttwoch war e 22 Joer ale Student an der Géigend vum Campus erstach ginn. An deem Fall gëtt géint e 22 Joer ale Mann aus Afghanistan ermëttelt.