D‘Gesetz gëtt als rassistesch ugesinn, well de de facto nëmme Palestinenser betrëfft a well d‘Doudesstrof an de palästinesche Gebidder souguer obligatoresch ass a verschiddene Fäll.
Warscheinlech, datt Iewescht Geriicht d'Gesetz kippt
Dat israeelescht Parlament hat d‘Gesetz gëschter mat knapper Majoritéit ugeholl. Et gëtt domat gerechent, datt dat Iewescht Geriicht an Israel dat Gesetz awer wäert kippen.
D'Decisioun an der Knesset ass mat knapper Majoritéit an drëtter Lecture gefall. 62 vun den 120 Deputéierten hu fir de Gesetzesentworf gestëmmt, dee vun der riets-extreemer Koalitiounspartei vum Policeminister Itamar Ben-Gvir ausgeschafft gouf. Och den israeelesche Premier Bejamnin Netanyahu huet fir d‘Gesetz gestëmmt.
Lescht Hiriichtung: Eichmann-Prozess
Israel hat d‘Doudesstrof 1954 ofgeschaaft, mee huet duerno a bestëmmte Fäll, zum Beispill bei Nazi-Verbriecher, nach Leit higeriicht. Déi lescht Hiriichtung, déi vun engem israeelesche Geriicht decidéiert gouf, war déi vum däitschen Nazi-Verbriecher Adolf Eichmann am Joer 1962.