Et géif een héieren, datt d’Bank ING hir Geschäftsberäicher anescht wéilt orientéieren, esou den Nico Hoffmann zu de méigleche Grënn fir d’Zoumaache vu Bankkonten. RTL hat de Weekend gemellt, datt vill Konte vu Privatleit bei der ING an den nächste Woche géifen zougemaach ginn.
Keen illegaalt Virgoe vun der Bank
Déi Cliente vun der Bank, déi sech beim Konsumenteschutz gemellt hunn, hätte vun der ING gesot kritt ...
"Äre Konto gëtt zougemaach, ob dat elo de Compte courant ass, oder de Spuerkont. An dat eben ouni Justifikatioun, ouni Informatioun. An do kënne mir jo als ULC absolut guer glat net mat esou enger Method, mat esou enger Virgoensweis, d’accord sinn."
Illegal wier dëst Virgoe vun der Bank ING Lëtzebuerg allerdéngs net, erkläert de President vum Lëtzebuerger Konsumenteschutz Nico Hoffmann.
"Well an hire Conditions-généralen do steet, datt si kengem Client bräichten eng Justifikatioun ze ginn, wa si d’Konten zoumaachen. Sou datt ech dovun ausginn, datt dat net illegal ass. Mee do soen ech dann awer elo direkt hannendrun, do hätt awer eis Regierung dann eng ganz seriö Aufgab, do ze legiferéieren an ze kucken, datt esou Geschichte wéi dat do net méi géife virkommen."
ULC hëlt d'Regierung an d'Flicht
Déi politesch Responsabel missten endlech reagéieren, verlaangt den Nico Hoffmann. De President vun der ULC erënnert an dësem Kontext och dorun, datt all Konsument d’Recht op ee Bankkonto hätt.
"Wou hie seng alldeeglech Operatioune ka virhuelen. D’Kompetenz fir ze reklaméiere läit hei zu Lëtzebuerg haaptsächlech bei der CSSF (...). Selbstverständlech kann een och iwwert d’ULC fueren. Jiddwereen hei zu Lëtzebuerg huet ee Recht op ee Kont de paiement de base."
Den ULC-President hofft, datt aner Banken net op de Wee vun ING Lëtzebuerg ginn, fir Clients-Konten zouzemaachen. Dës Problematik wëllt de Konsumenteschutz den nächste Mount och an enger Entrevue mam Finanzminister thematiséieren.
Negativen Impakt op d'Finanzplaz?
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar fäert, datt d’Decisioun vun der Bank ING negativ Repercussiounen op aner Banke kéint hunn, an der Reputatioun vun der ganzer Finanzplaz Lëtzebuerg kéint schueden. A senger parlamentarescher Fro u säi Parteikolleeg Gilles Roth wëllt de Laurent Mosar wëssen, wat de Finanzminister an dësem Dossier wëllt ënnerhuelen.