D’Rettungsdéngschter sichen an den Iwwerreschter vum Schoulgebai no Iwwerliewenden. Op d’mannst 38 Mënsche ginn den Ament nach vermësst, dorënner Schüler:innen a Bauaarbechter. Op d’mannst dräi Schüler:inne koumen ëm d’Liewen.
Ronn 80 Blesséierter koumen an d’Spidol. Déi heefegst Verletzunge si Knachebréch, Kappblessuren a Schnëttwonnen. Engem Schüler huet den Aarm missen amputéiert ginn.