Déi ukrainesch Arméi huet Berichter iwwert d'Avancéiere vu russeschen Truppen an de Stied Pokrowsk an Dobropillja an der Regioun Donetsk zréckgewisen. Datt vereenzelt russesch Zaldoten d'Frontlinn iwwerschratt hunn, géif nach net bedeiten, datt dës Gebitter ënnert hirer Kontroll sinn, esou den ukraineschen Arméispriecher fir dëse Frontofschnëtt.
arrow_back_ios
Noriichten
Iwwerraschungsoffensiv
|Donetsk-Regioun: Russesch Truppe briechen duerch Ukrainesch Verteidegungslinnen
Bannent engem Dag sinn déi russesch Truppen eng 10 Kilometer laanscht eng strategesch wichteg Strooss am Nordoste vun der Stat Pokrovsk an der Donetsk Regioun avancéiert. Déi nächsten Deeg wieren elo entscheedend fir déi weider Entwécklung an dëser Regioun.