arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Daitschland a Jordanie plangen humanitär Loftbréck fir d'Gazasträif

Hongersnout an der Gazasträif

|
reading time

2 min

Daitschland a Jordanie plangen humanitär Loftbréck fir d'Gazasträif

Wéinst der humanitärer Situatioun an der Gazasträif wëll no Däitschland a Jordanien och Frankräich eng Loftbréck organiséieren, fir d’Mënsche mat Hëllefsgidder ze versuergen. Däitschland dreet Israel éischtmoleg mat konkrete Mesuren, wa sech déi humanitär Situatioun am Krichsgebitt net verbessert.

reading time

2 min

© picture alliance/dpa | Amr Adel
(Foto: picture alliance/dpa | Amr Adel)

Den däitsche Kanzler Friedrich Merz huet ugekënnegt, Däitschland a Jordanie wéilten eng humanitär Loftbréck a Richtung Gazasträif starten. Iwwer déi genau Detailer wëllen déi zwee Statscheffen op der Visitt vum jordanesche Kinnek zu Berlin beroden. 

No Däitschland a Jordanie wéilt och Frankräich Hëllefsliwwerungen aus der Loft a Richtung Gaza bréngen. Dat mellt déi franséisch Presseagence mat Verweis op eng diplomatesch Source. D'Liwwerunge sollen an den nächsten Deeg geschéien. Et géif och un Hëllefsliwwerungen um Buedem geschafft ginn.

De brittesche Premier Keir Starmer huet seng Regierung fir eng urgent Sëtzung zesumme geruff. London wëll demno och iwwer Pläng beroden, fir méi humanitär Hëllef an d'Gazasträif ze bréngen.

Friedrich Merz dreet Israel éischtmoleg mat Konsequenzen 

Den däitsche Kanzler Friedrich Merz huet Israel eng éischte Kéier mat konkrete Mesurë gedreet, wann d’Land déi humanitär Situatioun am Krichsgebitt net séier verbessert. D’EU-Kommissioun huet iwwerdeems Sanktioune géint Israel virgeschloen. 

Israel huet gemellt, datt wärend der Paus vun de Militär-Operatiounen op en Neits ronn 250 Camione mat Liewensmëttel an d'Gazasträif eragelooss gi wieren. Och aus der Loft wiere weider Palette mat Liewensmëttel erof gehäit ginn. 

Der Weltgesondheets-Organisatioun no hätt d’Ënnerernärung ënner den 2 Milliounen Awunner:innen an der Gazasträif "alarméierend Dimensiounen" erreecht. Israel dementéiert, datt et an der Gazasträif eng Hongerskatastroph géif ginn.

Israeeleschen Attacke fuerderen op d'mannst 30 Doudeger

Déi israeelesch Arméi respektéiert zënter dem Weekend humanitär Paus vun 10 Stonnen. Baussent där Zäit geet d'Militäroffensiv awer virun. Déi palästinenseschen Zivilschutz, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, mellt op d'mannst 30 Doudeger. Aenzeien no hätt déi israeelesch Arméi Wunngebitter ugegraff.

Iwwer 100 Leit wiere bei engem Virfall beim sougenannte "Nezarim-Couloir", an der Mëtt vum Gazasträif, blesséiert ginn, heescht et aus engem Spidol aus der Regioun. 

Insgesamt iwwer 60.000 Affer 

Am Ganze wieren zënter Ufank vum Krich am Gazasträif viru bal 2 Joer iwwer 60.000 Leit gestuerwen, esou een neie Bilan vum Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt.