De President konnt och eng juristesch Victoire feieren iwwer den Asaz vun den Truppe vun der Nationalgard zu Los Angeles. Nodeems e Geriicht deen Asaz als illegal deklaréiert hat, huet dat Iewescht Geriicht déi Decisioun elo annuléiert.
Vun den 9 Riichtere bei der Supreme Court hunn déi 6 konservativ den Asaz vun der Nationalgard zu Los Angeles als legal deklaréiert.