Dem Trump gëtt virgeworf Drock op verschidden Autoritéite gemaach ze hunn, fir datt d'Walresultater zu senge Gonschte verännert ginn. De Prozess war ausgesat ginn nodeems deen Ieweschte Geriichtshaff decidéiert hat, datt deen amtéierende President strofrechtlech gréisstendeels immun wier.
Den Trump bleift awer ugeklot wéinst Komplott an Ugrëff op d'Walrecht.