arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Donald Trump gleeft un eng nei Wafferou

Gazasträif

|
reading time

1 min

Donald Trump gleeft un eng nei Wafferou

Eng nei Wafferou an der Gazasträif hält den Donald Trump dës Woch nach fir méiglech. Gëschter um Sonndeg hunn am Katar nei indirekt Verhandlungen tëschent Israel an der Hamas ugefaangen. Der BBC no hätt et bis elo keen Duerchbroch ginn. D'Verhandlungen, a separate Raim, sollen haut virugoen.

reading time

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP)

Israel hat virum Ufank vun de Gespréicher scho gesot, d'Hamas géif Konditioune stellen, déi inakzeptabel wieren.

Haut um Méindeg empfänkt den Donald Trump den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu zu Washington.