Radioen

On air

Moiesstudio  |  Recrutementsproblemer am Fleegesecteur

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Donald Trump beleidegt Kamala Harris

US-Walkampf

Donald Trump beleidegt Kamala Harris

An den USA leeft de Walkampf weider op Héichtouren. De republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump randaléiert dobäi rhetoresch op seng gewinnte Manéier.

auto_stories

1 min

© picture alliance / SVEN SIMON | SVEN SIMON
Foto: picture alliance / SVEN SIMON | SVEN SIMON

D‘Kamala Harris, seng designéiert demokratesch Géigekandidatin fir d‘Wäisst Haus wier domm sot hien elo bei engem Walkampfoptrëtt am Georgia. Hie behaapt si hätt en niddereg IQ. Den Trump nennt sech selwer gären e geeschteg stabille Genie.

De fréieren demokrateschen US President Jimmy Carter, wëllt iwwerdeems bis zu de Wale vum 5. November duerchhalen, fir der Kamala Harris seng Stëmm ze ginn. Den Jimmy Carter huet der 99 – an gëtt den 1. Oktober 100 Joer al.