arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Trump-Putin Treffen de 15. August: Wat kann ee sech erwaarden?

Krich an der Ukrain

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Trump-Putin Treffen de 15. August: Wat kann ee sech erwaarden?

D'Entrevue tëschent dem US-President Donald Trump a sengem russeschen Homolog Wladimir Putin steet elo offiziell fest: Et fënnt de 15. August an Alaska statt. Den Haaptsujet vun deem Treffe wäert de Krich an der Ukrain sinn.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Zënter 2021 gouf et keen Treffe méi tëschent engem russeschen an engem US-amerikanesche President. Viru 4 Joer gouf et zu Genf eng Renconter tëschent dem Joe Biden an dem Wladimir Putin. E puer Méint drop huet Russland d'Ukrain iwwerfall an den demokrateschen US-President huet de Kreml op Distanz gehalen.

Russesch an ukrainesch Fuerderungen

Elo treffe sech den Donald Trump an de Wladimir Putin de 15. August an Alaska. Den US-President huet an deem Kontext vun engem méiglechen Tosch vu Gebidder geschwat, ouni awer ze preziséieren, ëm wéi eng Territoiren et sech géif handelen.

Moskau fuerdert ënner anerem de Verzicht vun der Ukrain op eng Memberschaft an der NATO an dem Oftriede vun Territoiren, déi vu Russland annektéiert goufen, dorënner d'Hallefinsel Krim, déi Russland 2014 iwwerfall hat.

Weider Gebidder, déi wéinst dem Krich ënner russescher Kontroll stinn, ginn och vum Wladimir Putin gefuerdert:  Et handelt sech ëm Luhansk,Saporischschja, Cherson an Donezk. Eng Fuerderung, déi vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj vehement refuséiert gëtt.

Gespréicher iwwer Telefon

Datt et zu deem Treffen elo kënnt, war relativ iwwerraschend. An de leschte Wochen huet den Donald Trump e puermol mam Wladimir Putin telefonéiert, huet sech dann donoenttäuscht iwwer hie gewisen, fir duerno mat Sanktiounen ze dreeën. Ënner anerem sollten déi Länner, déi russesche Gas importéieren, mat extreem héijen Douanestaxe sanktionéiert ginn: Dorënner China, mee och Indien.

De Choix vun Alaska

Wat de Choix vun Alaska als Treffpunkt ugeet, esou läit dësen US-amerikanesche Bundesstaat e puer Kilometer ewech vun der russescher Grenz. Well weeder d'USA, nach Russland den internationale Strofgeriichtshaff unerkannt hunn, kann de Putin och an Alaska reesen, ouni ze riskéieren, festgeholl ze ginn.

Wéinst ënner anerem Entféierunge vun ukrainesche Kanner huet d'Geriicht vun Den Haag en internationalen Haftbefeel lancéiert.

play_arrow Lauschteren