arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den Donald Trump wëllt Sans-abrisen aus Washington verdreiwen

USA

|
headphones

1 min

Den Donald Trump wëllt Sans-abrisen aus Washington verdreiwen

Den Donald Trump sot Sans-abrie misste Washington direkt verloossen. Si géifen aner Plazen ugebuede kréien, wäit ewech vun der Haaptstad, esou den US-President op senger Plattform Truth Social.

headphones

1 min

Den US-President schwätzt mat der Press , ier hien a Schottland flitt | © picture alliance / Consolidated News Photos | Will Oliver - Pool via CNP
Den US-President schwätzt mat der Press , ier hien a Schottland flitt (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Will Oliver - Pool via CNP)

De Message kënnt am Kader vum Trump senger neier Campagne géint d'Kriminalitéit an der US-amerikanescher Haaptstad. De President hat de leschte Mount en Uerder ënnerschriwwen, deen et méi liicht mécht Sans-abrie festzehuelen. D'lescht Woch hat den Trump d'Bundespolice op Washington mobiliséiert.

Déi demokratesch Buergermeeschtesch vu Washington sot: Et géif keng statistesch beluechten Hausse vun der Kriminalitéit zu Washington ginn.