arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Et geet elo duer!" seet de grönlännesche Premier zu den neitsten US-Droungen

USA

|
headphones

1 min

"Et geet elo duer!" seet de grönlännesche Premier zu den neitsten US-Droungen

Den US-President Donald Trump sot op en Neits, datt Grönland Deel vun den USA misst ginn. De grönlännesche Premierminister Jens Frederik Nielssen huet reagéiert. An och d'EU-Diplomatie rifft seng Partner ob d’Integritéit vun engem Territoire un ze erkennen.

headphones

1 min

Grönlännesche Premier Jens Frederik Nielssen  | © EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
Grönlännesche Premier Jens Frederik Nielssen (Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Et wier een oppe fir een Dialog, esou de Jens Frederik Nielssen. Diskussiounen géifen si awer just iwwer déi offiziell Weër an am Respekt vum internationale Recht duerchféieren, huet de grönnlännesche Premierminister betount. 

An engem Interview mam amerikanesche Magasinn The Atlantic sot den Trump, Venezuela wier méiglecherweis net dat lescht Land, an deem d'USA intervenéieren. D‘USA géifen och Grönland onbedéngt brauchen, esou den Donald Trump.

Dës Ausso gouf vun Dänemark, Schweden, Norwegen a Finnland verurteelt. Déi dänesch Regierungscheffin Mette Frederiksen sot, d‘USA hätten absolut kee Recht, en Deel vun der dänescher Staategemeinschaft ze annektéieren.

EU-Diplomatie reagéiert

No der US-Interventioun a Venezuela erwaart sech d’Europäesch Unioun vu senge Partner, an dësem Fall de Vereenegte Staten, datt si d’Integritéit vun engem Territoire unerkennen. Zu dëser Ausso vun enger Spriecherin vun der EU-Diplomatie kënnt et no Menacë vum US-President Donald Trump géintiwwer Grönland. Déi riseg Insel am Nordatlantik huet de Status vun engem autonomen Territoire vun Dänemark.