Am Plaz vun de bis elo ugestrieften 2 Prozent vum PIB sollten d'NATO-Memberlänner 5 Prozent an d'Defense investéieren. Si kéinte sech dat all leeschten, esou den Trump op enger Pressekonferenz a senger Villa a Florida.
A senger éischter Amtszäit hat den Trump mat engem Austrëtt vun den USA aus der Militärallianz gedreet, wann d'Memberen net genuch géife bezuelen.
Den Donald Trump sot op der Pressekonferenz och nach, hie géif dem Joe Biden säi Verbuet fir Pëtrol- a Gasbuerungen an nationale Gewässer direkt um éischten
Dag als President nees réckgängeg maachen an hie géif de Bau vun neie Wandmille stoppen.
Wirtschaftlech a militäresch Drockmëttel
Fir Kanada schléisst den Donald Trump wirtschaftlech Drockmëttel net aus. Wat Grönland an de Panamakanal ugeet, wier hie souguer bereet militäresch Drockmëttel anzesetzen, fir sech säi Wonsch ze erfëllen. Dat erkläert d’Tagesschau vum däitschen ARD. Grönland an de Panamakanal wieren essentiel fir déi national Sécherheet vun den USA, esou den Donald Trump viru Journalisten a Florida.
"Mafiaboss mat Atomwaffen"
A Grönland huet d’Medium KNR den dänesche Fuerscher Ulrik Pram Gad zu der Situatioun an dem Donald Trump sengen Aussoe befrot. Deen huet dem staatleche Medium du geäntwert datt déi Saach eescht ze huele wier. Et géif sech em e “Mafiaboss mat Atomwaffen” handelen.
Et géifen aktuell awer keng Unzeechen dofir ginn, datt den designéierten US-President seng Drohung eescht mengt. Esou nach den dänesche Fuerscher zum KNR.
Süddeutsche Zeitung: Souguer fir den Donald Trump verwonnerlech
Och a Frankräich geréit den Donald Trump a Kritik. An engem Meenungsbäitrag am Le Monde gëtt gefuerdert, datt den Donald Trump seng Instinkter a perséinlech Obsessioune mol sollt ignoréieren. Vill éischter sollt een d’USA prioriséieren. Soss géif de Risk bestoen, datt sech international e sougenannten “réflexe de vengeance” entwéckelt. Dee Reflex kéint och bedeitend Konsequenze fir amerikanesch Institutiounen hunn, gëtt nach am Meenungsbäitrag erkläert.
D’Süddeutsche Zeitung, schreift vun engem verstéierenden Optrëtt. Dem Donald Trump seng Drohunge wieren nach eng Kéier bedeitend verschäerft ginn an dëst mat "absurden Zenarien".
Et wier souguer fir den Donald Trump e verwonnerlechen an erschreckenden Optrëtt gewiescht, esou nach d’Süddeutsche Zeitung.
Zu Lëtzebuerg betount d'Tageblatt datt weiderhi mat esou Optrëtter vum Donald Trump gerechent ka ginn. Hie géif seng medial Optrëtter genéissen.