D'Land géif ganz rentabel nees opgebaut gi mat de Gelder déi duerch de Verkaf vu Pëtrol era géife kommen, esou den Trump.
Parallel géif de Präis vum Pëtrol erofgoen. Den Trump hat virdru schonn erkläert, datt hie sech perséinlech ëm d'Vente an d'Recette vum venezuelanesche Pëtrol këmmere géif.
Beim US-Ugrëff op Venezuela um Sonndeg gouf de venezuelanesche President Nicolás Maduro festgeholl. Ronn 100 Mënschen sinn dobäi ëm d'Liewe komm, grad esou vill Leit goufe blesséiert.