Donieft gëtt an deem Dokument och gefuerdert, datt déi radikal-islamistesch Hamas, déi d'Gazasträif kontrolléiert, hir Waffe misst ofginn, an datt se komplett entmuecht misst ginn, an datt déi palästinensesch Autonomie-Autoritéit d'Muecht iwwerhëlt.
Et gëtt och gefuerdert, datt de Krich an der Gazasträif direkt misst gestoppt ginn an d'Geisele fräigelooss ginn.
Israel: UNO-Vollversammlung e "politeschen Zirkus"
Déi israeelesch Regierung huet d'Resolutioun schaarf verurteelt: Si géif weisen, datt d‘UNO-Vollversammlung e politeschen Zirkus ouni Bezuch zur Realitéit wier, huet et vu Jerusalem geheescht.
Och wann dës Resolutioun vun 142 Länner ugeholl gouf, ass se net rechtlech bindend, an deemno ouni konkret Konsequenzen.
Si war vun enger Grupp vu 17 Länner, dorënner Frankräich, Groussbritannien, Kanada, Brasilien a Jordanien, ausgeschafft ginn. An si ass eng wichteg Etapp virun der UNO-Generaldebatt, den 22. September, wou jo de franséische President Emmanuel Macron offiziell wëllt e Palästineserstaat unerkennen.