arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Doktere bilden eng gemeinsam Front

AMMD an MSH

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Doktere bilden eng gemeinsam Front

No der ordinärer Generalversammlung vun der AMMD gouf et eng gemeinsam Pressekonferenz, op där den AMMD-President an d'MSH-Presidentin zesummen opgetruede sinn. Elo wéilt een zesummen an d'Verhandlunge mat der CNS goen a sech fir Verännerungen am Gesondheetssystem asetzen.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD | © Radio 100,7
D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD (Foto: Radio 100,7)

D’Gesondheetskeess CNS huet der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD nom éischte Verhandlungsdag fir eng nei Konventioun confirméiert, datt dës just mat der AMMD wäert verhandelt ginn. Deemno si keng aner Organisatioune virstelleg ginn.

D’AMMD hat d’Konventioun op den 30. Oktober gekënnegt.

D’Reunioun mat der CNS war zäitgläich mat der ordinärer AG vun der AMMD. Deemno wieren do béid Parteie just pro forma present gewiescht. Déi eigentlech Verhandlunge géifen dann den Donneschdegmëtten ufänken, esou de President vun der AMMD Chris Roller.

Monique Reiff: "Méi konnte mir net verlaangen"

Et wier ee sech eens ginn, datt ee Member vun der Associatioun vun de Spidolsdokteren MSH (Médécins du Secteur hospitalier) an de Verhandlunge mat der CNS als "Beobachter" wäert dobäi sinn.

D’MSH huet duerch eng Statutenännerung Ufank Dezember hir Dieren och fir liberal Spidolsdokteren opgemaach an hir Memberzuel zënterdeem méi wéi verduebelt. Dat, well si ee Matsproocherecht an de Verhandlunge mat der CNS wollten.

Méi wéi eng Beobachterroll hätt een net kéinte fuerderen, seet d’MSH-Presidentin Monique Reiff.

"Ech mengen, mir kënnen net méi verlaangen. Also mir hu keng Legitimitéit, fir méi ze froen. Dofir si mir dankbar kënnen dobäi ze sinn. Ech mengen, dat weist en oppenen Debat. An ech mengen, et ass effektiv, wann een als Beobachter dobäi ass, ass et méi einfach herno direkt an d'Diskussiounen ze goen, wéi datt mir da kucke wou mir d'Informatiounen hierkréien.”

Ee Systemwiessel an der Gesondheetspolitik?

Et misst een d’Konventioun net vun A bis Z nei schreiwen, mengt de Chris Roller. Virun allem well et net nëmmen ëm eng Konventioun géif goen, mee et missten an Zukunft och Upassunge vum gesetzleche Kader kommen. Dofir wéilt ee Kontakt mam Premier a mat der Gesondheetsministesch ophuelen.

"Et ass ganz kloer, datt mir virun allem och mat der Politik, dat heescht mam Här Frieden, mat der Madamm Deprez, och musse schwätzen iwwer de gesetzleche Kader, well deen och eventuell Upassunge brauch, fir och mat enger neier Konventioun kënnen herno duerchzekommen."

Et wéilt een elo weisen, datt d’Dokteren alleguer - sief et liberal oder Salarié, hospitalier oder extrahospitalier - un engem Strang géifen zéien. A bei Meenungsverschiddenheete géif een drop hoffen, Kompromësser ze fannen, esou nach d’Monique Reiff an de Chris Roller.

Ronn 135 AMMD-Membere waren op der Generalversammlung. D’AMMD zielt aktuell 1.563 Memberen an hätt ee keng signifikant Demissiounen an de leschte Woche gehat, esou heescht et nach aus dem CA vun der AMMD.

play_arrow De Chris Roller war Invité an eisem Moiesstudio. Lauschtert de ganzen Interview hei.

play_arrow Lauschteren