D'Rana Soboh, eng Ernärungs-Spezialistin, ass am Norde vun der Gazasträif. D'Hongersnout bei Kanner wier do besonnesch akut. Si erzielt. datt vill Kanner esou schwaach wieren, datt si net méi goe kënnen. "Si kënne mol net méi kräichen. A fir si geet d'Iessen net méi duer", esou Rana Soboh.
D'Kanner kéinten duerch d'Ënnerernärung an d'Strapaze keng Liewensmëttel méi zou sech huelen. Si bräichten dofir spezial Traitementer.
"Mee déi hu mir hei am Norde vu Gaza net méi. Wa si déi net kréien, stierwen déi Kanner net banne Wochen, mee an e puer Deeg."
Hëllefszentere wieren Doudesfalen
D'Hëllefsorganisatioun Medecins Sans Frontières ass an der Gazasträif present. Hire Vize-Coordinateur vun der Hëllef do, den Dr Mohammed Mughaisib, fuerdert urgent, datt d'UNO nees déi humanitär Hëllef an der Gazasträif misst iwwerhuelen.
Déi sougenannte Gaza Humanitarian Foundatioun GHF, déi vun Israel an den USA en place gesat gouf, wier e "militariséierte" System fir den Honger als Waffe benotzen. Praktesch all Dag stierwe Palästinenser, déi bei d'GHF-Zentere Liewensmëttel wëlle siche goen.
"Mir kruten 1.300 Patienten zënter dem 7. Juni heihinner bruecht. Vill Jonker a Kanner. 28 waren der dout, wéi se heihi bruecht goufen. Si goufe geziilt an de Kapp geschoss, an de Bauch. Déi Zentere vun där Fondatioun si keng Hëllefs-Zenteren, et sinn Doudesfalen."
Israel misst dee Plang direkt stoppen
No der annoncéierter Decisioun vun Israel, d'Militäraktioun nach ze erweideren, an d'Stad Gaza ze besetzen, ginn et weltwäit Warnungen: Israel misst dee Plang direkt stoppen, soten d'UNO an d'EU Kommissioun. Däitschland huet d'Liwwerung vu Waffen un Israel gestoppt, déi an der Gazasträif kéinten agesat ginn.
Och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet um Freidegmëtteg op eis Nofro hin an engem schrëftleche Statement reagéiert: Lëtzebuerg géif de Plang vun Israel, fir Gaza City ze besetzen, zu déifst bedaueren. Dat géif d'Leide vun der ziviller Populatioun nach verstäerken a wier eng grouss Gefor fir d'Geisele vun der Hamas.
Dat hätt hien esou och dem israeeleschen Ausseminister matgedeelt, esou nach de Xavier Bettel. Déi absolut Prioritéit wier elo ee Waffestëllstand.