Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Djuna Bernard an der Oppositioun: "Méi fräi dat soen, wat ee sou fir sech denkt"

Nom Récktrëtt vum François Bausch

Djuna Bernard an der Oppositioun: "Méi fräi dat soen, wat ee sou fir sech denkt"

Den 11. Juli gëtt d'Djuna Bernand vun déi gréng nees als Deputéiert vereedegt. Dat nodeems de François Bausch ugekënnegt huet, déi aktiv Politik ze verloossen. Mat Bléck op d'Oppositiounsaarbecht freet si sech dorop, verschidde Sujete méi kritesch kënnen ze behandelen.

auto_stories

1 min

© Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Djuna Bernard wier dem fréiere Minister dofir dankbar, well dat net selbstverständlech wier. Hir Aarbecht am Parlament wier elo allerdéngs eng aner, wéi virun de Walen.

"Ech war fënnef Joer laang op der Majoritéitssäit an der Chamber. Dat gëtt natierlech elo een aneren Zenario."

Et wier een zwar elo zu manner, mee d'Djuna Bernard wier awer "ganz gespaant drop, wéi dat gëtt."

Schwéierpunkt op 3 Dossieren

Déi nei Aarbecht géif hir awer och erlaben, méi e kritesche Bléck op verschidde Saachen ze werfen "an och vläicht méi fräi dat ze soen, wat ee fir sech esou denkt". Dat wier an der Vergaangenheet net ëmmer zu all Moment méiglech gewiescht, esou nach déi gréng Politikerin.    

Wat de Schwéierpunkt vun hirer Aarbecht ugeet, sou wéilt sech d'Djuna Bernard op d'Dossieren Educatioun, Betreiungsstrukturen an och Santé konzentréieren.