Fir de medezinesche Volet sollten neutral Experte jugéieren, ob den Dr. Wilmes Feeler bei senger Operatioune gemaach huet, oder net. Dat wier net d'Aufgab vun den Deputéierten, esou d'Djuna Bernard.
"Et ass meng Roll, fir hei d'Regierung ze kontrolléieren. Fir ze kucken ob d'Regierung d'Prozeduren agehalen huet, d'Gesetz applizéiert huet. An och natierlech doriwwer eraus ze kucken ob d'Gesetzer, déi bestinn hei ronderëm, ob déi nach ëmmer opportun sinn."
D'Fro no der Prozedur
Bei de Prozedure géife sech eng Rei Froe stellen, esou d'Djuna Bernard.
"Mir hunn am Fong jo hei zwou verschidde Prozeduren. Mir hunn déi Urgenceprozedur, déi d'Ministesch hei gewielt huet a mir hunn awer och de Collège médical, dee jo a senger Qualitéit kann eng disziplinaresch Prozedur opmaachen. D'Ministesch huet hei, krut hei vum Collège médical un d'Häerz geluecht, fir déi Urgenceprozedur ronderëm de Péril en la demeure ze zéien, fir déi ze notzen."
D'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez wier an den Aen vun der Djuna Bernard an enger ganz delikater Situatioun gewiescht. Dofir wier si gespant, wat d'Ministesch um Méindegmëtteg an der Chamberkommissioun als Erklärung gëtt.
"Si gouf de 16. Dezember domadder konfrontéiert, huet awer eréischt den 22. Januar dann agéiert, fënnef Woche méi spéit. D'Fro ass, kann een nach eng Urgenceprozedur declenchéieren, wann ee sech fënnef Wochen Zäit léisst, fir sech Gedanken driwwer ze maachen?"
Ass de Collège Médical als Gremium nach opportun?
Et kéint een awer den Androck kréien, datt de Collège médical déi waarm Gromper weider un d'Ministesch ginn hätt, esou d'Djuna Bernard. Dowéinst géife sech och beim Collège médical e puer elementar Froe gestallt ginn.
"Sinn déi Gremien, déi hei en place sinn, sinn déi nach opportun? Missten déi net reforméiert ginn? Ech mengen d'Diskussioune ronderëm eng Reform vum Collège médical, déi bestinn net eréischt säit dëser Affär."
Doriwwer eraus géif si och déi ganz Prozedure bannent vum Collège médical a Fro stellen, esou d'Djuna Bernard.
"Déi zwou parallel Prozeduren, déi hei existéieren, sinn déi opportun? Ass et wierklech un enger Politikerin, an dësem Fall vun enger Ministesch, fir hei déi lescht Instanz ze sinn, déi déi doten Urgence-Prozedur kann declenchéieren? Ass dat glécklech?"
Wéi eng Konsequenzen huet d'Affär?
Zu Lëtzebuerg misst ee sech ganz seriö Gedanke maachen, wéi een d'Vertrauen an de Gesondheetssecteur kéint erhalen. Dofir bréicht een eng patientenorientéiert Approche, esou déi gréng Deputéiert.
"Grad duerch d'Politiséierung vun där heiten Affär sinn immens vill Patienten, déi sech Suerge maachen. Zu Recht. Déi natierlech elo veronséchert sinn an déi sech wëllen en zweeten oder en drëtten Avis huele bei Dokteren."
Si géif op eng sachlech Debatt hoffen, a Wäert drop leeën, datt de concernéierten Dokter och d'Recht kritt, sech ze verteidegen, esou d'Djuna Bernard.