A Frankräich ware fir d‘Mëttegstonn alleguer d‘Fraktiounen aus der Assemblé Générale invitéiert, fir iwwer de Budget ze diskutéieren. Déi lénk sinn dobäi net opgetaucht. Dat hunn de Parti socialiste, déi gréng, d‘Kommunisten a la france insoumise géintiwwer der franséischer Presseagence erkläert.