Radioen

On air

Notturno  |  Joesef, Loyle Carner - I Wonder Why

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diskussioun ronderëm d'Stroumpräisser: Soll de Staat sech finanziell méi engagéieren?

Chamber

Diskussioun ronderëm d'Stroumpräisser: Soll de Staat sech finanziell méi engagéieren?

Duerch d’Verschwanne vum Präisdeckel beim Gas an der Hallwéierung um Deckel beim Stroumpräis, géif een Duerchschnëttsstot pro Joer ronn 670 Euro méi un Energiekäschte bezuelen, ewéi virdrun. Dat hat d’Chambre des salariés ausgerechent. A fir Stéit, déi a Wäermepompel oder Elektromobilitéit investéiert hunn, wier déi Hausse nach méi héich, esou de Reproche vun déi Lénk. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Chamberdebatt | © Flickr Chambre des Députés play_arrow
Chamberdebatt (Foto: Flickr Chambre des Députés)

Déi finanziell Belaaschtung vun de Stéit duerch d’Hausse vun de Stroumpräisser hätt kënne vun der Regierung besser kompenséiert ginn, huet den David Wagner vun déi Lénk gëschter um Donneschdeg wärend enger Chamberdebatt zu de Stroumpräisser kritiséiert.

Déi Lénk: Méi finanziellen Engagement vum Staat

Deen Impakt géifen déi Äermst an der Gesellschaft weiderhin ze spiere kréien, well si net vu Steiermesurë profitéiere kéinten, esou den David Wagner. 

"Wat déi duerchschnëttlech Stéit ugeet, do wäert just eng Partie vun der Hausse vun de Präisser duerch Steiermesurë kompenséiert ginn. A fir déi méi privilegiéiert Stéit, déi an eng Wäermepompel oder an een Elektroauto investéiere wëllen, déi ginn elo duerch d'Entscheedungen duerchernee bruecht."

Et ass do d’Fuerderung, datt de Staat sech méi finanziell méi un de Reseauskäschten engagéiert, fir iwwer dee Wee de Stroumpräis fir d’Stéit erofzedrécken.

D'Joëlle Welfring proposéiert ee virfinanzéierten Amortisatiounsfong

Eng Positioun, déi och déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring vertrëtt. Si plädéiert fir d’Schafe vun engem staatlechen, virfinanzéierten Amortisatiounsfong bei Investitiounen an de Reseau.

"Doduerch, datt ee Stroumnetz, wat haut muss ausgebaut ginn, iwwer vill Joerzéngte wäert Avantagë bréngen, mécht et Sënn, fir duerch esou e Mechanismus, déi héich Gesamtnetzkäschten, déi elo fir den Ausbau an d'Moderniséierung ufalen, op méi Joerzéngten ze strecken.

Een eventuelle staatlechen Emprunt kéint spéider zum Beispill iwwer Netztariffer rembourséiert ginn, esou nach déi féier Ëmweltministesch. 

Lex Delles: Ännerunge si scho geplangt

De Wirtschaftsminister Lex Delles huet a senger Interventioun betount, datt eng Ännerung an deem Sënn scho geplangt wier.

"D'Etüd, déi mir gesot hunn, ass gemaach ginn. Dat heescht natierlech hu mir se gemaach, mir hu se och gedeelt, wat ganz wichteg ass, datt mir kënnen op dee Poste vum Monopol an de Stroumpräisser agräifen. An dat ass eebe just de Reseau."

Eng nei Propos fir Hëllefen am Beräich vun den erneierbaren Energië wier iwwregens am gaange gemaach ze ginn. Dofir ass den Ëmweltministère zoustänneg.

Lauschterenplay_arrow